Däerf et just nëmme Kachkéis, Bouneschlupp a Rieslingspaschtéit, Fin- a SpaceTec sinn, déi fir de Nation Branding a “Luxembourg makes it happen” hirhale mussen? A senger Carte Blanche proposéiert de Patrick Michaely eppes ongewinnt aneschters!

Carte Blanche vum Patrick Michaely

Virun e puer Wochen hat den "natur musée" op seng Jurassic Seamonsters Days invitéiert. Wat sech op den éischte Coup no Spektakel am Fräizäitpark unhéieren huet, huet sech schlussendlech als eng Presentatioun vun engem eenzegaartege Fossil a senger museologescher Opaarbechtung entpuppt. Iwwer 1.300 Leit, an dat ass richteg vill, hu sech an deene puer Stonnen am Musée afonnt, fir sech en tipptopp preparéierten annerhallef Meter laangen Ënnerkifer vun engem Pliosaurier ukucken ze kommen, deen zënter senger Entdeckung an den 1980er Jore bis elo an de Sammlunge vum Musée conservéiert gouf.

Fir d’Leit, deenen d’Zoologie vum Jura net esou geleefeg ass: Pliosaurier ware raiberesch Mieresreptilien, déi virun 170 Millioune Joer an de Mierer gelieft hunn, déi och dat haitegt Lëtzebuerg iwwerdeckt hunn. Ausgewuessen Déiere haten eng Längt vun 9 bis 15 Meter a waren d’Toppredatore vun där Zäit.

Dat eenzegaartegt Stéck, fir dat och grouss Muséeën aus dem Ausland ons beneiden, war eng éischt Kéier 2018 an der Ausstellung Unexpected Treasures am Kader vum Europäesche Joer vum Kulturierwen gewise ginn. De Premier Xavier Bettel huet deemools beim Vernissage haart geduecht: “Wat huet deen eng Schnëss!”. Et ass also e richtegen Trésor national, op deen een houfreg däerf sinn. Net nëmme wéinst dem Stéck selwer, mä natierlech och wéinst der wëssenschaftlecher, museologescher a kultureller Expertise, déi hannendru stécht. Et muss also net ëmmer just Kachkéis, Bouneschlupp a Rieslingspaschtéit, Fin- a SpaceTec sinn, mat deenen ee sech am Ausland bretze kann. Well wann ee kuckt, wat esou alles fir de Nation Branding a Luxembourg makes it happen hierhale muss, ass et jo tatsächlech heiansdo, fir de Kapp ze rëselen oder op d'mannst ze schmunzelen.

De klenge Pierre vu 5 Joer schéngt dat op de Jurassic Seamonsters Days besser wéi vill anerer op Responsabilitéitsposten am Land verstanen ze hunn an huet säi Pliosaurier ganz a rout-wäiss-blo gemoolt, vun der Schnëss bis bei d’Floss. Well keng Dino- …pardon…Mieresreptilpresentatioun ouni Molconcours. De klenge Jong huet domadder um Zeecheblat expriméiert, wat der bestëmmt vill deen Dag am Musée geduecht hunn: Wow, dat doten ass richteg derwäert. Fir seng just 2.500 Quadratkilometer ass nämlech an dësem klenge Ländche nach esou munch aner Spektakuläres fonnt ginn: Plesiosaurier, Ichthyosaurier a.s.w.: Lëtzebuerg ass Mieressaurier-Land!

Ech sinn awer och iwwerzeegt, datt wann de klenge Pierre gewosst hätt, datt d'Stéck am noe Frankräich vu franséischen Hobbypaläontologe fonnt gouf, vun engem belschen Dinoexpert eng éischt Kéier bestëmmt gouf an am Moment vun engem däitschen Expert frësch ënner d'Lupp geholl gëtt, nach e puer aner Fändelen drop gemoolt hätt. Well et ass esou wéi modern Wëssenschaft haut funktionéiert!

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.