An e puer Woche si Gemengewalen a Frankräich. An ewéi esou dacks gëtt mat haarde Bandagë gekämpft. Vill Kandidate setze sech mat hirem Engagement net nëmmen heftege Kriticken aus, mä och ganz perséinlechen Attacken.

Eng Carte Blanche vum Anne Brasseur

De virleefegen Héichpunkt war sonner Zweiwel d’Verëffentlechung vun engem kompromettéierenden, private Video vum Paräisser Kandidat Benjamin Griveaux um Internet, no enger laanger Serie vun Attacken, Ligen an esouguer Morddreeunge géint de Griveaux a seng Famill. De Kandidat vum President Macron senger France en Marche huet sech schliisslech zréckgezunn.

Alt nees e Politiker, deen an den Trëndel vun de soziale Medie geroden ass, alt nees e Mëssbrauch vum World Wide Web, fir reng Privatsaachen ze diffuséieren an domadder e Mënsch a seng Famill ze diskreditéieren – an e Buergermeeschterkandidat vun der franséischer Haaptstad. Domadder ass dës ruckelzeg Manéier net nëmmen eng Atteinte op d‘Privatsphär vun der Persoun Benjamin Griveaux, mee och eng Atteinte op ons Demokratie.

D’Demokratie lieft vum Discours a vum Austausch vun Argumenter, an dovunner datt de politesche Géigner toleréiert a respektéiert gëtt. Mir gesinn awer, dat ons Gesellschaft – virun allem am virtuellen Ëmgang mateneen – sech ëmmer méi spléckt a radikaliséiert. Den Toun gëtt deementspriechend méi schaarf.

Virun e puer Joer hu sech eenzel Useren nach anonym iwwer Politiker ausgelooss. Mëttlerweil hu se awer all Schimmt fale gelooss a maachen dat ganz oppen an hirem Numm.

Ons representativ Demokratie lieft dovunner, datt Leit bereet sinn, fir sech politesch z’engagéieren. Duerch déi reegelméisseg Attacken op d’Privatliewen, mee awer och duerch Diffamatioun, Opruff zum Haass a Morddreeungen – déi am Fall vum Kasseler Regierungspresident Walter Lübcke esouguer zum Mord geféiert hunn – loosse sech ëmmer méi Bierger vun engem politeschen Engagement ofhalen.

Mir mussen den Doudegriewer vun eiser Demokratie de Bass halen. Ech si fest dovunner iwwerzeegt, datt déi grouss Majoritéit vun de Bierger degoûtéiert ass vun deene rezenten Exzesser, déi keng Grenze méi kennen. Ons Gesellschaft dierf net méi assuméieren, mee muss reagéieren.

Dëst am Sënn vun onser Demokratie, an där de respektvollen Ëmgang mateneen nees héichgehale gëtt. Dëse respektvollen Ëmgang mateneen, gëllt awer net nëmmen an der Politik, mä och am deegleche Liewe vun ons all.