Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, kommentéiert de Weltdag vun de seelene Krankheeten.

De leschte Samschdeg war et erëm esou wäit: spéitstens all 29. Februar gëtt weltwäit op seele Krankheeten opmierksam gemaach. Firwat?

Carte Blanche vum Anne Goeres

Et gi méi ewéi 6.000 seele Krankheeten, déi 5% vun der Weltbevëlkerung treffen. 3/4 vun dëse seele Krankheete si genetesch bedéngt an déi aner éischter duerch Infektioune verursaacht. An der EU schwätzt ee vun enger seelener Krankheet, wa se manner ewéi 1 vun 2000 Mënschen trefft. Di meescht seele Krankheete gi schonn an der Kandheet bemierkt awer et dauert oft ganz laang bis eng Diagnos steet – wann iwwerhaapt. A wann dann awer eng Diagnos do ass, heescht nach ëmmer net, datt déi richteg Méiglechkeete bestinn, fir ze heelen. Ganz am Géigendeel, well déi rar Krankheete sinn och ganz oninteressant fir d’Pharmaindustrie. Esou hunn ech ganz no materlieft, wat et heescht, wann d’Industrie decidéiert, e Medikament net méi ze produzéieren, well de Marché einfach ze kleng ginn ass. Ekonomesch gesi verständlech, awer mënschlech gesinn absolut net novollzéibar. Dës seele Krankheete si leider am Moment an engem Prozess vun der Verharmlosung. Et ass e beonrouegende Paradox, well trotz Seelenheet, si weltwäit 300 Millioune Mënsche betraff.

Firwat iwwerhaapt e Weltdag vun de seelene Krankheeten op d’Been setzen an ënnerstëtzen?

Majo dat déngt der Sensibiliséierung - esou wuel fir déi seele Krankheete selwer, wéi och fir d’Auswierkungen op d’Liewe vun de Patienten. Esou en Dag hëlleft awer och, Informatiounen iwwert des Krankheeten ze verbreeden an et fërdert déi absolut néideg Zesummenaarbecht um Europäeschen Niveau.

Haut setze mer eis virun allem dofir an, datt dës Mënsche méi e gerecht Ëmfeld gebuede kréien. Mir mussen d’Bewosstsinn schäerfen, dass des Mënsche mat seele Krankheeten op der ganzer Welt en onfairen Zougang zu Diagnosen, Behandlungen, Fleegmeiglechkeeten a sozial Hëllef hunn. Och si däerfen eng gerecht Chance hunn, hiert vollt Potential auszeliewen.

Well zum Schluss geet et jo eigentlech dorëms, datt e Mënsch mat enger seelener Krankheet dach virun allem e Mënsch ass. An net oft genuch awer ëmmer erëm zéien ech den Hutt virun deene Kanner, Erwuessenen an hire Famillen, déi trotz seelener Krankheet dem Liewe laachen an dat bescht draus maachen.