A senger Carte blanche schwätzt de Jean Huss net iwwer de Coronavirus, mee iwwer eng aner global Gefor fir eis Gesondheet an eis Ëmwelt, virun där franséisch Fuerscher ganz rezent gewarnt hunn.

Zanter Woche schonns héiere mer international schlecht Noriichten iwwer d’Gesondheetsrisike vum Coronavirus. Dat ass sécher net z’ënnerschätzen! Ech wéilt an dëser Carte blanche awer net dorop, mee op aner héich problematesch Entwécklunge fir eis Zukunft agoen. An zwar op déi sech ëmmer méi schnell zouspëtzend Risiken a Krise fir Ëmwelt, Biodiversitéit, Klimaschutz a Gesondheet, virun deene weltwäit ëmmer méi Fuerscher, Ëmweltorganisatiounen oder Ëmweltmedeziner warnen.

AUDIO: Carte Blanche vum Jean Huss

Elo just nach, den 22. Februar, hate ronn 1.000 franséisch Wëssenschaftler an der Zeitung „Le Monde“, en dramateschen Appell un de franséische President an déi politesch Responsabel a Frankräich an an Europa lancéiert. Si hunn doranner gewarnt, net nëmme virdrun, dass de Weltklima an d’Zerstéierung vun der Biodiversitéit géife riskéieren, total ausser Kontroll ze geroden, mee och virun den ëmmer méi grousse Risike fir Ëmwelt a Gesondheet duerch Pestiziden, Plastik, Schwéiermetaller oder neien Technologië wéi dem 5G.

An deem Appell kritiséieren d’Wëssenschaftler, datt d’Politik bal näischt oder vill ze wéineg géint dës Entwécklungen ënnerhëlt. Si géif am Géigendeel weiderhin, trotz alle Warnungen, scheinbar onbeléierbar op weidere blanne Wirtschaftswuesstem, private Profit an egoisteschen Hyperkonsum setzen an doduerch d’Zukunft vun eise Kanner a vun der Mënschheet insgesamt op d’Spill setzen.

Dofir appelléieren all dës Wëssenschaftler och un d’Gesellschaft, un eis alleguer, fir endlech aus eisem Konsum-Dornréischeschlof z’erwächen, fir aktiv ze ginn an Drock ze maachen op d’Politik, eraus aus där aktueller Sakgaass an hin a Richtung vun urgenten ekologeschen a soziale Mesuren, Alternativen an Transitiounen. An dat iwwerall, egal ob op lokalem, nationalem oder internationalem Plang.

An, wat d’Urgence ënnersträicht a fir seriö Wëssenschaftler an Akademiker absolut ongewéinlech ass, si ruffen eis esouguer zur Rebellioun an zu zivillem Ongehuersam op, an zu enger massiver Ënnerstëtzung a Mataarbecht an ekologeschen a sozialen Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft.

Et ass gewosst, datt d’Kassandraen, den Iwwerbrénger vu schlechten Noriichten, oft net gären nogelauschtert gëtt, mer wären an dëser Situatioun awer gutt beroden, dës Warnungen eescht ze huelen. Nach behale mer e wéineg, mee net méi all ze laang Zäit, fir d’Zukunft vun eise Kanner a vum Liewen op dësem Planéit weider ze garantéieren.