Déi Nei um Krautmaart wären ugetrueden, fir eng vernënfteg Politik am Dialog mam Bierger fir de Bierger ze maachen – och an der 2. Legislaturperiod ass dovunner net allzevill ze gesinn an et stellt sech d’Fro, wéi eng Vernonft an dësen Entscheedungen zum Ausdrock kënnt. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Wéi den Homer ugefaangen huet d'Odysee op Pabeier ze bréngen, huet e selwer wuel net domadder gerechent, dem Mënsch seng Kultur, a virun allem Denkgeschicht, fir ëmmer ze veränneren. Hei gëtt den éischte Stee geluecht, fir den Iwwergank vun enger mythologescher zu enger vernënfteger, also logescher Erklärung vun der Welt – dat wat d’Philosophie souwéi d’Geschicht zënterhier als den Iwwergank vum Mythos zum Logos bezeechent. D'Welt gëtt nei méi duerch Wierke vun iergendwellechen iwwernatierleche Gottheeten erkläert. Dat wat geschitt, soll mat Hëllef vum Denke gekläert ginn. Dës, wuel radikaalst Ëmännerung an der Geschicht vum mënschlechen Denken, muss sech awer bal genau sou laang de Virworf gefale loossen: et géifen amfong nëmme Götter getosch ginn. Mat Vernonft hätt et nëmmen souvill ze dinn, wéi onbedéngt néideg wier, fir de jeeweilege Mythos um Liewen ze halen. Sou ass de Mythos, datt alles digital muss ginn, sou laang vernënfteg, wéi déi Technik och funktionéiert. An och d'Atomzäitalter straalt nach Joerdausenden nodeems Vernonft déi Iddi schonns laang opginn huet. Deemools wéi haut, gi Leit op d'Aen gedréckt.

Sou huet och de Lëtzebuerger Wieler sech schonn zwee mol eng nei Erklärung vun der Welt opschwätze gelooss – eng déi ugetruede wär, fir dem Mythos vum CSV-Staat endlech en Enn ze setzen. Eng nei Zäit sollt ubriechen, wou transparent an zukunftsweisend, nohalteg a verstänneg alles mam Bierger beschwat gëtt. Am Ufank wär mat “Alles” 4 Froe gemengt, woubäi déi spannendst et guer net bis bei den éischte Referendum gepackt hat. Wie geduecht hat, dat wier den Ufank vun enger neier diskursiver Politik an et kéimen nach weider Froen – dee sollt sech ieren. Déi Nei si schnell do ukomm, wou déi Al scho wären: et gëtt léiwer dekretéiert, Still geréckelt,  sech verrechent,  vum Stadion bis bei d’Gaardenhaischen - wéi kommunikéiert. Kuerz an der Comfort Zone vun der politescher Muecht – an iert d’Gespréich mam Bierger, nom Schwäizer Modell, an eng nei Odysee géif ausaarten, war schnell kloer, et besser direkt erëm sinn ze loossen.

Wien dat elo vernënfteg kuckt, muss also feststellen, datt dorausser bis ewell net vill méi ginn ass, wéi eng weider Raibergeschicht – de Begrëff vum Mythos huet och e gewëssene Stolz.

De Bilan ass dofir och erniichternd: zwee Beruffer goufe bis ewell vun deenen Neien ofgeschaf: de Reliounsprof an den CFL-Ticketskontroller. Wat déi zwee Affer um Altor vum politesche Wëlle gemeinsam hunn – mir weist sech nach keen vernënftegen, also logeschen Zesummenhang... et sief, den neien Beroder, also de Consultant wier, wéi am Homer sengen Zäiten, erëm en Orakel.