An enger Ausnamesituatioun wéi där vun der Corona-Pandemie, tendéiere mer dozou och onschéi Reflexer ze hunn. Vläicht hu mer virdrun net genuch geüübt, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

Wéi leschten Donneschdeg den Owend d’Regierung déi 1. Mesuren a punkto Covid-19 virgestallt huet, ware schonn e Koup Nuddelen, Räis an Eeër aus de Regaler gerappt, d’Clientë sinn hannert Caddië voll Toilettëpabeier verschwonnen an de Stuerm op d’Mëllech hat spéitstens e Freideg keen Hale méi.

Carte Blanche vum Michèle Schilt

Reflexer an enger Ausnamesituatioun

Et sinn och onschéi Reflexer, déi an sou enger Ausnamesituatioun aktivéiert kënne ginn. Och wann de Message vun der Regierung vun Ufank u kloer war: Mir wëllen déi Leit schützen, déi vulnerabel sinn. Et geet also drëms, datt jidder Eenzelen en Effort mécht, fir zesummen déi Schwächst an der Gesellschaft ze protegéieren. Dat bäisst sech dann e wéineg mat deem egoistesche Kampf ëm déifgefruere Pizza a vill méi nach mat deem ellene Reflex, net méi a chinesesch Restauranten ze goen, wéi dat nach erlaabt war. Oder och mam Reflex, abstrus Verschwörungstheorien ze gleewen, wéi z.B. datt de Virus iergendwou am Ausland geziicht gouf.

Eng Ursaach fir déi Reflexer ka sinn, datt mer eis an enger onbekannter Situatioun befannen. Mir si gewinnt, ëmmer a Sécherheet ze sinn. Mä dës Kéier ass d'Gefor no! An net, wéi bei de ville Geforen, déi et am Fong ëmmer gëtt, Honger oder Ëmweltproblemer z.B. bei “deenen aneren”. Dës Kéier gëtt et “eis”, net déi “aner”. Mir wëssen net, wat genee muer ass a wéi eng Reegelen da gëllen. An dat mécht Angscht. Dofir kuckt mol jiddereen, datt seng Spënnche gefëllt ass.

Dobäi kënnt, datt mer de Géigner net gesinn. An datt e jidderee platt maache kann, egal wat ee schafft oder wéi vill Suen een huet. Do ass et da méi berouegend, sech e Feindbild ze bastelen, z.B. béis Wëssenschaftler, déi de Virus geziicht hunn, dann huet ee wéinstens eng Erklärung an et kann ee seng Onsécherheet kanaliséieren.

Prioritéiten iwwerdenken

Et ass schéin ze gesinn, datt Staate séier an transnational reagéieren, Ausnamereegelunge gi getraff an ëmgesat. Och wann et schued ass, datt et souwäit komme muss, fir datt d’Handlungsfäegkeet vun der Politik bewise ka ginn.

Sécher ass: Corona wäert eriwwer goen. Entre-temps kënne mer profitéieren, passend zur Faaschtenzäit, fir iwwert eis Prioritéiten nozedenken. Wat ass eis all wichteg? A wéi eng Responsabilitéit hunn ech als Eenzele par Rapport zur Gemeinschaft? Well wa mer d’Supermarchéë plëmmen a verschidde Mënsche stigmatiséieren an engem Moment vun Angscht, da sinn dat alles anescht wéi demokratesch Reflexer. An dat kéint heeschen, datt Grondprinzippie wéi Solidaritéit, Gläichheet an Toleranz net sou staark an eis verankert sinn, wéi mer dat mengen. Dofir gëlt et all déi aner Zäit genee déi Prinzippien ze stäerken. Ee friddlecht an demokratescht Zesummeliewen ass ni en Acquis, mä dat muss een üben.

A bis d’Situatioun sech normaliséiert: kommt mir probéieren, ee mat deem aneren solidaresch ze sinn. Dann ass och genuch Mëllech fir jiddereen do.