Enfin hu mir et gepackt: grouss an houfreg gëtt scho laang ugekënnegt, dat Lëtzebuerg dat 1. Land op der Welt ass. Iwwert d’Mobilitéit am Land eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.

Et gëtt effektiv scho laang annoncéiert, dat Lëtzebuerg dat 1. Land op der Welt ass, mat wat schéngt manner wichteg, also dat 1. Land, dat de gratis ëffentlechen Transport aféiert.

Ëm wat geet et hei wierklech?

Datt mir Lëtzebuerg no bausse kënne vermaarten, Let’s make it happen? Oder ëm en effikasst Konzept vun engem Transportsystem, dat op d’Besoine vun der Populatioun, déi zu Lëtzebuerg wunnt an/oder schafft, ofgestëmmt ass?

Wat nëtzt mech en ëffentlechen Transport, wa reegelméisseg ee vun zwee Zich op enger kuerzer Streck ausfält, an ech muss déi duebel Zäit virgesi fir unzekommen? Fir en aneren Trajet hunn ech zwar en direkte Bus aus menger Uertschaft op meng Schaff, deen och de ganzen Dag iwwer all Stonn fiert, dat ass jo tipptopp, just de Bus moies um 8 Auer - deen op en normalen Aarbechtsrhythmus passt, fiert net.

Vëlo wier jo och eng ganz gutt Alternative fir 10 km vun doheem bis virun d’Stad. Leider ass et net méiglech dës kuerz Distanz ze pedalléieren, ouni een Deel iwwer Strecke mussen ze fueren, wou geféierlech gerannt gëtt an et net vertrietbar ass mam Vëlo ënnerwee ze sinn.

Uschlëss tëscht Vëlospisten ze plangen, géif d’Allgemengheet sécherlech manner kaschten, wéi den ëffentlechen Transport gratis ze maachen, mä wier natierlech och manner spektakulär fir unzesoen, an et kéint ee kee grousst Fest maachen, fir déi ganz Saach unzekënnegen. An aneren europäesche Länner gëtt et nieft den Zuchschinne Vëlospisten, déi an di gréisser Stied féieren, respektiv d’Vëlospiste ginn duerch extra schéi Landschafte gebaut, fir datt de Vëlo méi beléift gëtt wéi soss e Fortbeweegungsmëttel.

Zu Lëtzebuerg ginn dës Iwwerleeungen an der globaler Stad- a Landesplanung vergiess: souguer bei den nei gebaute Quartieren gëtt d’Mobilité douce net vun Ufank un an der Planungsphase mat virgesinn. E Gesamtkonzept fir de Vëlo als Haaptbestanddeel vum Verkéier unzegesinn, a fir d’Mobilité douce als konsequent Prioritéit an eisem Land ze promouvéieren, mat engem kloren Ëmsetzungsprogramm mat Delaien, gëtt et net. Et sinn eenzel Initiativen déi geholl ginn, fir kënnen ze soen, datt eppes gemaach ginn ass.

Firwat? Ass de Lobby hannendrun net grouss genuch, sinn net genuch Suen am Spill datt eppes fir d’Wirtschaft eraus fält?

An der Schwäiz kascht den ëffentlechen Transport méi oder manner jee no Akommes, a fir Leit déi net reegelméisseg dermat fueren, souguer relativ deier. Mee de Reseau funktionéiert, an dat ass den ausschlaggebende Punkt, fir datt den ëffentlechen Transport genotzt gëtt. Déi skandinavesch Länner, mat engem manner virdeelhaften d’Klima wéi Lëtzebuerg, leeën d’Vëlospisten sou un, datt ee sécher a séier vum Punkt A op de Punkt B kennt.

Ech géif mir wënschen, dass zu Lëtzebuerg amplaz Milliouneprojete wéi Tram a gratis ëffentlechen Transport, d‘Prioritéit lo op vill méi kleng an einfach Initiative géif geluecht ginn, déi relativ zäitno a käschtegënschteg kënnen ëmgesat ginn.