Enn Februar war zu Stockholm déi 3. Ministeschkonferenz iwwer Stroossesécherheet a Presenz vun 80 Ministeren aus 140 Länner. Lëtzebuerg war vertratt duerch eng staark Delegatioun vun héije Fonctionnairen, Parlamentarier a Leit aus dem Beräich Verkéierssécherheet, mat un der Spëtzt dem Minister François Bausch. De Paul Hammelmann mécht de Rapport a senger Carte blanche.

Carte Blanche vum Paul Hammelmann

An de François Bausch war souzesoen de Star op der Konferenz: engersäits well Lëtzebuerg an den internationale Medien present war mat senger eenzegaarteger Initiativ vun engem flächendeckende Gratis-Transport, awer och well hie mat vill Iwwerzeegung d‘Regierungspolitik vun enger verbesserter Stroossesécherheet combinéiert mat enger seriöer Ëmweltpolitik verteidegt huet.

„500 horsepowers for 500 meters“- (Wie brauch scho 500 Päerd fir 500 Meter zréckzeleeën?) war säi Schlagwuert, wat d’Ronn gemaach huet bei de Ministeschkolleegen.

A Lëtzebuerg stoung emol zënter Joren eng Kéier gutt do an der internationaler Statistik, obwuel de Credo vun der Konferenz ganz héich war.

1,4 Mio Leit stierwen pro Joer op eisem Planéit duerch Verkéiersaccidenter, dat sinn 50 Mio Doudeger zënter de motoriséierten Individualverkéier besteet, méi Doudeger wéi am 1. Weltkrich!

D’Weltgesondheetsorganisatioun huet festgestallt datt, wa keng radikal Mesure geholl ginn, dës Zuel an Zukunft riskéiert op 1,9 Mio eropzegoen.

Et gouf och festgestallt datt Mobiltelefonie, „the world largest killer“, weltwäit fir 61% vun den Accidenter ka responsabel gemaach ginn.

Am impressionantsten awer war, um Rand vun der Konferenz eng Manifestatioun vun der „World Youth Assembly“: hir Revendicatioun huet geheescht: “Road injuries are the leading killer of children and youth all over the World: enough is enough!”

Dës Fuerderung ass begréisst ginn an an der Schlussdeklaratioun festgehale ginn.

« Zero Vision », d‘Visioun vun Null Doudeger op de Stroossen ass unanime akzeptéiert ginn. Konkret hunn d’Staate sech engagéiert, d’Zuel vun de Stroossenaffer bis 2030 ëm 50 % ze hallwéieren.

An trotz dëser Visioun gëtt et nach ëmmer – och hei am Land – Leit déi op dësem A blann sinn!