A senger Carte Blanche erënnert de Psychiater Paul Rauchs drun, dass d'Ustiechungsgefor vum Coronavirus net nëmme medezinescht, mä och psychologescht an ekonomescht Potenzial huet.

De La Rochefoucauld huet eemol geschriwwen, dass et Leit ginn, déi ni verléift wären, wéi wa se d’Wuert Léift net héieren hätten. A wéi ass et mat de Leit, déi un enger Gripp oder enger Longenentzündung stierwen, well se nach näischt vum Coronavirus héieren hunn? Där ginn et natierlech net méi vill, well eis Autoritéiten eng noutwendeg Gratwanderung maachen tëschent néideger Opklärungscampagne an autoritärer Preventioun, op d’Gefor hin, d’Leit ze veronsécheren an zu Hamsterkeef ze verleeden.

Carte Blanche vum Paul Rauchs

De Covid-19 ass eng ustiechend Krankheet, an esou Krankheete ginn et natierlech scho laang ier de Pasteur d'Mikroben entdeckt huet. Eis Otemmaske vun haut erënneren un d'Peschtmaske mat de laangen Nuese vu gëscht an d'Quarantän gëtt et zënter dem 14. Jorhonnert, wou se zu Dubrovnik eng éischt Kéier géint d'Pescht agefouert gouf. D'Period vu 40 Deeg huet dobäi manner mat der Wëssenschaft ze dinn, wéi mat der biblescher Symbolik, an et ass vläicht keen Zoufall, dass mer fir de Moment an de 40 Deeg vun der Faaschtenzäit sinn.

D'Beispill vun der Quarantän weist eis, wéi Recht de franséische Philosoph Michel Foucault huet, wann e feststellt, dass et keng Epidemie ouni Police gëtt. A China schéngt d'Krankheet jo zeréckzegoen, well et vläicht an engem totalitäre Staat méi einfach ass, autoritär Moossnamen duerchzesetzen, wéi an eise westlechen Demokratien. Mir kéinte weiderfueren a soen, et gëtt och keng Epidemie ouni Friemenhaass. D'Krankheet gëtt ëmmer vun deem Aneren iwwerdroen, d'chinesesch Restaurante bleiwen eidel an an de soziale Medie maache sech rassistesch Entgleisungen ëmmer méi breet. De Virus vum Populismus schéngt nach méi ustiechend ze sinn wéi de Coronavirus.

De Phänomen vum Ustiechen ass nämlech net nëmme biologesch bedéngt, wéi dem La Rochefoucauld seng Maxime et beweist. Erënnert iech un d'Epidemie vu Selbstmorden no der Verëffentlechung vum Goethe sengem Buch « Die Leiden des jungen Werther », oder, méi no bei eis, d'Well vu Suiciden a verschiddene groussen Entreprisen. D'Wuert Virus u sech mécht eis schonn Angscht, an dat wäit iwwer d'Medezin eraus, wéi zum Beispill an der Informatik, wou d'Computere jo och masseweis vu Viren ugestach ginn. A wéi steet et mat der Ekonomie, wou de VIX, den Angschtindex, massiv an d'Luucht geet, wärend de PIB, de Produit Intérieur brut, parallel dozou grad esou déif an de Keller fält.

Bei aller Wichtegkeet vum Principe de Précaution musse mer oppassen, datt et medezinesch, ekonomesch a psychologesch net zu enger selffulfilling Prophecy kënnt, also enger Kassandraprophezeiung, déi sech vum selwen erfëllt.