Zanter e puer Wochen hëlleft d'Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin Anne-Marie Hanff mat anere Fräiwëllegen an den Foireshalen, Leit mat Symptomer vum Covid-19 ze versuergen. Thema soll awer net hir Aarbecht an de Foireshale sinn, mä eppes, wat hier um Wee dohinner an d'Ae gestach ass: Sécherheetspersonal mat 2 Masken iwwerteneen un.

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Wat huet et also mat deene Masken op sech? Et ginn zum enge Masken, déi den Mond an d'Nues vu Sprëtzer beim Houschten a schwätze schützen. Zum Anere ginn et Masken, déi Partikelen aus der Loft filteren a verhënneren, dass een de Virus anotemt. Beim Aushouschte fléien déi grouss Drëpsen net méi wéi 1,5 Meter wäit. Wann een also 2 Meter Ofstand hält, dann ass ee sécher, och ouni Mask. Grondsätzlech sinn déi Drëpsen, déi een aushouscht nämlech ze grouss, fir direkt ageotemt ze ginn. Si fale relativ séier op de Buedem.

Theoretesch ass et och méiglech, sech unzestiechen, wann ee sech wärend den Akeef mat ongewäschenen Hänn de Virus an d'Gesiicht reift. Well den Houscht beim Coronavirus awer dréchen ass, ass d'Gefor, sech doduerch unzestiechen, éischter geréng. De Fokus muss dowéinst op d'Sprëtzer beim Houschten a Schwätze geluecht ginn.

Beim sech Ustieche spillt och d'Konzentratioun vum Virus an der Loft eng Roll. Déi ass am klengsten un der frëscher Loft oder bei kuerzem Kontakt mat Leit ouni Symptomer, zu deenen ee genuch Ofstand hält.

Aneschters wann eng Infirmière zum Beispill e Patient mam Virus, deen extremen Houscht huet, a sengem Buedzëmmer ouni Fënster fleegt.

Maske sinn international esou knapp, dass d'Weltgesondheetsorganisatioun déi speziell Maske SOUGUER DEM FLEEGEPERSONAL nëmmen a bestëmmte Fäll recommandéiert. Lëtzebuerg muss elo no kreative Léisunge sichen, wéi mir noutwendegt Schutzmaterial selwer hierstellen oder recycléiere kennen.

Wann ech héieren, dass Leit mat deenen spezielle Masken an de Bësch lafe ginn a gläichzäiteg d'Fleegepersonal net genuch Material huet, fir sech ze schützen, obwuel si de ganzen Dag enger extremer Ustiechungsgefor ausgesat sinn, da kritt dat Wuert "Helden" eng ganz aner Bedeitung.

Ech well dowéinst nach eemol betounen: Ditt wannechgelift wärend dëser problematescher Phas KENG Masken un, déi fir d'Personal geduecht sinn. Dës feelen herno deenen, déi se wierklech brauchen. Kreativ Léisungen, ewéi Maske selwer bitzen, sinn natierlech wëllkomm. Mä denkt drun, d'Masken eleng schützen Iech net.

Wann dir iech SÉCHER fille wëllt, da maacht Iech wannechgelift net geckeg, andeems Dir Iech d'Fro stellt, ob de Virus elo nom Akafen um Steierrad ass oder net.

Méi wichteg ass, dass Dir, wann Dir dann eraus musst zum Beispill Situatiounen evitéiert, wou dir keng 2 Meter Ofstand hale kënnt an Är Hänn wäscht, soubal Dir doheem sidd.

No 8 Stonnen hëlt d'Konzentratioun vum Virus op Uewerfläche staark of. Et wier zum Beispill eng Iddi, Är nei Akeef den éischten Dag getrennt vun den anere Produiten ze verraumen an net den Dag selwer ze verbrauchen, Liewensmëttel kënne gekacht ginn. Wann dann nach JIDDEREEN am Geschäft ophält, Saachen unzepaken an erëm zréck an d'Regal ze leeën a mat Symptomer doheem bleift, dann dierften déi lescht Mesuren och iwwerflësseg sinn.