Näischt méi ass esou, wéi et virdru war. Wéi d’Kris vum Coronavirus och d’Kierch verännert – dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

D’Corona-Kris mam weltwäite Shut-down geet och um kierchleche Routine-Betrib net laanscht. Sech versammelen, zesummekommen, fir Gottesdéngscht ze feieren, ass net méi méiglech an net méi erlaabt – eng Première an der Geschicht vum Chrëschtentum, zemol elo op Ouschteren! Déi erzwonge Kierchendistanz, vun uewen erof dekretéiert, huet sech en place gesat. Souguer klibbere goen ass ënnersot, mä aplaz kënnt d’Klibbere vun doheem aus, eenzel virun der Hausdier.

D'Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

D'reliéis Offer reduzéiert sech den Ament op de virtuelle Raum an d’Kierch participéiert aktiv un der digitaler Kultur. Gestreamte Phantommassen, als Quasi-One-Man-Show mat Priister virun eidele Still, ware bis dato friem, elo ass et weltwäit gängeg Praxis: D’Kierch kënnt an d’Stuff! D'Oktav 2020 gëtt eng Online-Oktav, mat Kamera-Vuen aus der Kathedral heem an d’Haiser. Reliéis Initiativen iwwer d’Social Media iwwerschloe sech, eng nei "Telefon-Seelsorge" gouf gestart. Krise féieren zu neie Méiglechkeeten, wéi gewosst. Der Fantasie ass dobäi keng Grenze gesat. A bei Gott ass jo bekanntlech näischt onméiglech...

Leit erënnere sech drun, dass d’Relioun an onsécheren Zäiten en Anker vu Stabilitéit an eng Plaz ass, wou Perspektiven iwwer de jëtzegen Zoustand eraus an Aussicht gestallt ginn. E staarkt Signal war den aussergewéinleche Medie-Seegen „Urbi et orbi“ vum Poopst viru 14 Deeg. Déi reng spirituell Kommioun, al kathoulesch Traditioun fir déi, déi net kënne kommunizéiere goen, war soss d’Ausnam a gëtt elo d‘Regel.

Méi wéi jee ass momentan déi virtuell Kierch Realitéit. "Zesumme Kierch sinn" geschitt elo, nieft der geeschtlecher Verbonnenheet, digital, online an elektronesch – firwat net? An o hei! Och esou ka Kierch als grousse spirituellen Organismus funktionéieren.

Kris als Chance! An als Defi! „Elo muss de bléien!“, sot de schleseschen Dichter a Mystiker Angelus Silesius:

Blüh‘ auf, gefrorner Christ, der Mai ist vor der Tür.
Du bleibest ewig tot, blühst du nicht jetzt und hier.

Georges Hellinghausen