Zënter e Mëttwoch huet Lëtzebuerg e Plang, fir ons Gesellschaft erëm an d’Normalitéit ze féieren. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen. Soziolog am Centre Jean 23.

Ech beschäftege mech a menger Carte Blanche net mat der Fro, ob de Plang, deen ons Regierung presentéiert huet, de richtegen ass. Natierlech si vill Froen op an haaptsächlech déi, ob et net e bësse frei ass, vue dass mer net kënne soen, dass d'Pandemie zu Lëtzebuerg quasi eriwwer ass. Mä et läit an der Zäit, ons Nopeschlänner sinn och amgaangen en Deel Restriktiounen zeréckzefueren.

Carte Blanche vum Paul Estgen

D'Fro, déi ech mer stellen, ass déi vun der Philosophie oder vun der Ideologie, déi ons Gesellschaft verfollegt, wann et drëms geet, fir aus dëser Kris eraus ze manövréieren.

Och wa mer a villen Zeitungsartikele konnte liesen, dass mer ons sollte méi global Froe stellen iwwert ons Gesellschaft a Wirtschaft, an dat haaptsächlech am Beräich vun der sozialer Gerechtegkeet an der Klimafro, da muss ee feststellen, dass dat awer elo keng Roll spillt an den Diskussiounen iwwert ons Exit-Strategie.

Et bedeit, dass mer eigentlech an der Logik bleiwen, alles z'ënnerhuelen, fir déi Wirtschaft erëm opzebauen, wéi mer se och virun der Kris kannt hunn. Mir bleiwen an der neoliberaler Wirtschaftsuerdnung, an der Globaliséierung, déi sech baséiert op dem Wuesstem vun der Consommatioun. Genau dat féiert och elo dozou, dass all Regierung gezwongen ass, fir esou séier wei méiglech erëm seng Wirtschaft un d'Rullen ze bréngen an domadder natierlech eng Gratwanderung mussen maachen tëschent Gesondheet oder PIB schützen.

De Premier Xavier Bettel huet a senger Pressekonferenz gesot, et wär keng Stärestonn fir Europa, d'Europäesch Länner schaffen et net, sech gemeinsam ze koordinéieren, och net bei der Exit-Strategie. Ech gi méi wäit: et ass eng Katastroph fir Europa. Wa mer elo net eng nei Solidaritéit fannen, wou mer kucken, fir dass mir global als Europa duerch dës Kris kommen a genau deenen hëllefen, déi am meeschten ënnert der Pandemie leiden, da riskéiere mer, dass de Covid-19 Europa zum Intensivpatient gemaach huet. Mir brauchen net nëmmen eng Scholde-Garantie, déi mer eenzel bei de Länner verbuchen, mä mir brauchen eng global nei Wirtschaftsstrategie, déi et erlaabt, och erëm eng gewëssen Autonomie an de wichtegste Secteuren opzebauen. Weidermaache wéi virdrunner heescht ganz kloer, sech ëmmer méi China, wat net nëmme keng Demokratie ass, mä wat och nach ëmmer keng Mënscherechter anhält, z'ënnerwerfen . Europa stäerken ass och ons Fräiheet an der Zukunft sécheren.

Et ass also un der Zäit, dass all d'Bierger an Europa verlaangen, dass ons Regierunge sech zesumme setzen, fir iwwert d'Zukunft vun onsem Kontinent ze beroden.

D'Leitlinne fir d'Zukunft misste sinn:
• E staarke Solidaritéitsprinzip tëschent allen europäesche Länner
• Méi sozial Gerechtegkeet fir all Bierger
• Méi Autonomie am Beräich vun der Hierstellung vun deene wichtege Konsumgidder
• Nohaltegkeet als wichtege Prinzip, fir der Katastroph vum Klima- an Aartestierwen auszewäichen.

Am Traité vun Europa ass de Grondprinzip vun der Subsidiaritéit verankert. Genau an der haiteger Zäit ka kee Land dës Kris eenzel bestreiden, mä do ass e staarkt Europa gefuerdert.