Grad a Krisenzäiten erweist sech wéi wichteg eng effikass an onofhängeg Presselandschaft ass. Allerdéngs gesi mer, datt och d'Press, elo wou se besonnesch vill sollicitéiert gëtt, op wackelege Been steet.

Carte Blanche vum Richard Graf

Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf. Et ass schonn erstaunlech wéi an dëse Krisenzäiten verschidde Milieuen, déi soss net midd ginn, no engem schlanke Staat ze jäizen, op eemol lauter Argumenter fannen, fir datt hinne vu genau dem selwechte Staat gehollef gëtt.

Sécher ass déi aktuell Covid-19-Kriis eppes Exzeptionelles, dat och ganz aussergewéinlech Mesurë verlaangt.

An datt de Staat méi Suen an d'Hand hëlt, wéi en der effektiv am Tirang huet, ass ee Reflex, dee bal esou natierlech ass wéi dobaussen ee Mask unzedoen.

Virausgesat natierlech, et huet een iwwerhaapt esou ee Mask zur Verfügung.

Wa mer spéider an de Geschichtsbicher noliesen, wéi mer mat der Kris ëmgaange sinn, ass et dann natierlech méi einfach de Bilan ze zéien – wat ass richteg, a wat ass falsch gelaf.

Allerdéngs sinn d'Masken do exemplaresch: Elo no engem Mount wou eis gesot ginn ass, si wären net esou wichteg, ginn se op eemol obligatoresch.

Natierlech war et wichteg am Ufank virun allem d'Gesondheetspersonal domadder ze beliwweren.

Et bleift awer de battere Nogeschmaach, datt praktesch keent vun de räichen Industrielänner virbereet war, fir direkt mat allen néidege Mëttel géint d'Pandemie unzegoen.

Et war d'Press, déi net midd ginn ass, d'Raisonnementer, déi hanner verschiddenen Decisioune stoungen, ze hannerfroen. Déi wollt verstoen, wéi déi eng oder aner Schrëtt ze erkläre sinn.

A firwat den Iwwergang, vun der enger zu der aner Phas, verschidden Narrativer, ze soen iwwer Nuecht, obsolet gemaach huet.

Nu kënne mer frou sinn, datt mer eng, zwar net ëmmer ganz onofhängeg, an dach awer relativ pluralistesch Press hunn.

Nach hunn, misst ee soen, well besonnesch déi gedréckten Zeitungen, op ee Schlag, ee vun hire Standbeen, bal ganz verluer hunn: dat vun de Publicitéiten.

An dat zweet, d'Abonnementer, variéiert och mat der ekonomescher Aktivitéit, wann och mat enger gewësser Verzögerung.

Wéi no der Kris vun 2008 eng Rei vu Verwaltungen a Betriber gezwonge goufen, hir Käschten ze senken, waren Zeitungsabonnementer ee vun den éischte Posten. déi gestrach goufen.

An och Privatleit, déi op eemol an ekonomesch Turbulenze kommen, kënne sech net méi all Abonnementer leeschten.

Eng konsumkritesch Zeitung wéi d'woxx hänkt natierlech manner vu Reklammen of. Mat beschränkte Mëttelen ze schaffen a quasi an enger Dauerkris ze operéieren – ass ee scho bal gewinnt.

Trotzdeem sollt een, an der Suite vun der Corona-Kris, d'Iwwerleeungen, wéi eng onofhängeg Medielandschaft zu Lëtzebuerg soll an Zukunft funktionéieren, ënnert engem neie Liicht weider féieren: Eng ze vill staark Ofhängegkeet vun der Ekonomie féiert net nëmmen zu engem mediepolitesche Gläichklang am Alldag. Si kann och de K.O. vun der ganzer Medielandschaft bedeiten, wann hire Geschäftsmodell op eemol zesumme brécht.

A sief et och nëmme wéinst engem butzege Virus, deen ee weeder richen, schmaachen oder kucke kann.