No Wochen ass nach ëmmer kee richtegt Enn vum Ausnamezoustand a Siicht, och wa vereenzelt Mesuren ugekënnegt gi sinn. De wirtschaftlechen Impakt vun dëser Kris kann och nach net genee festgeluecht ginn, well en dovun ofhänkt, wéi laang dësen Zoustand nach muss daueren. Wat awer ëmmer méi kloer gëtt, ass dass déi Kris an déi de Virus d'Welt gestierzt huet, historesch Proportioune wäert kréien. Eng Carte Blanche vum Nicolas Mackel, dem CEO vu Luxembourg for Finance.

Carte Blanche vum Nicolas Mackel

Zanter dem Ufank vun der Kris ass eis Finanzindustrie, trotz de Schwieregkeeten, déi de Confinement mat sech bréngt, weiderhin am Asaz fir eis alleguer.

Banke si schonns an normalen Zäiten d'Réckgrat vun enger Wirtschaft, well si den Entreprisen an de Leit déi néideg Sue léinen, fir hier Projeten ze finanzéieren. Si schaffen elo Hand an Hand mat den Entreprisen, fir deenen hir Ufroen un neie Kreditter oder Moratoirë fir déi lafend Kreditter z'accordéieren. Dat selwecht gëllt fir eenzel Leit, déi Delaie froen, fir hir Kreditter an déi elo grad Rot brauchen, well si sech Suerge maachen ëm hir Erspuernisser. D'Banke sinn och zum Instrument ginn doduerch, datt d'Regierungshëllefen esou direkt a séier wéi méiglech un d'Betriber kënne goen.

Eis Assurancë schaffen och weider fir Risiken ofzedecken, déi och net mat reduzéierter Aktivitéit verschwannen oder grad dowéinst méi grouss si. Geschäfter a Büroe musse weider verséchert sinn, och wann d'Employéen doheem musse sinn. Iesssaachen, Mondschutzmasken an all Gidder si verséchert. All ekonomesch Aktivitéit, och am reduzéierten Tempo, muss verséchert sinn.

Eis Bourse setzt alles drun, fir weider opzebleiwen an esou den Entreprisen an de Staaten, déi iwwer Lëtzebuerg sech op den internationale Kapitalmäert finanzéieren, z'erlaben, an dëser turbulenter Zäit weider ze maachen, domat och si kënne weider fonctionéieren an déi Initiative finanzéiere kënne, fir déi si grad elo Kapital brauchen.

Zuelungsinstituter si besonnesch gefuerdert, schonns eleng wéinst der Beschleunegung vun den Internetakeef an digitale Bezuelungen, mat all den Defien, déi dat mat sech bruecht huet.

Eis Fongenindustrie ass och weider am Asaz, well déi Suen, déi Leit aus der ganzer Welt eise Fongen uvertraut hunn, musse weider geréiert ginn. An deene meeschte Fäll sinn et Suen, déi gesammelt, investéiert ginn, fir d'Pensioune vun all Kategorie vu Leit ofzesécheren. Een anere grousse Grupp vun Investisseuren a Fonge sinn d'Assurancen, déi och d'Primme vun hire Clienten investéieren, fir déi zu den Echeancë kënne mat der versprachener Plus-value auszebezuelen. Déi Sue gi vun de Fongen an Aktien oder Obligatioune vun Entreprisen investéiert, wat dësen dann hir ekonomesch Aktivitéit erméiglecht oder erlaabt, nei Projeten ze finanzéieren.

Eis Finanzindustrie huet iwwert Joren net nëmme Wuesstem an Aarbechtsplazen hei zu Lëtzebuerg geschaaft, mee och an Europa an doriwwer eraus. Si ass a bleift d'Häerz vun eiser Ekonomie an elo brauche mir si ganz sécher, fir eis nees op d'Been ze bréngen.