Zanter 5 Wochen si mir ugehalen doheem ze bleiwen an esou mann wéi méiglech eraus ze goen. Wéi flott mir déi Zäit erliewen, hänkt ganz vill dovun of wéi mir wunnen. Dozou eng Carte blanche vum Gilles Hempel, Soziolog an Direkter vun enger Stëftung am Beräich vum Logement.

Carte Blanche vum Gilles Hempel

« My home is my castle » ass ee geleefegt Spréchwuert, wat ursprénglech op den englesche Riichter a Politiker Edward Coke zeréckgeet. 1604 huet hien an engem Urteel festgehalen: « the house of every one is to him as his Castle and Fortress as well for defence against injury and violence, as for his repose »

400 Joer méi spéit bleiwe mir doheem. Mir sëtzen an eisem Castle a verdeedegen eis géingt de Coronavirus. Wann ee sech déi aktuell Zuelen ukuckt, da maache mir dat guer net esou schlecht. Eng ganz Partie Leit hu sech déi leschte Wochen awer net wéi an enger Buerg oder an engem Schlass gefillt, mä éischter wéi an engem Verlies.

Wann een eng anstänneg Wunneng huet, déi grouss genuch ass fir seng Famill, mat enger klenger Terrasse oder esouguer e bësse Gaart, da léisst et sech jo nach iergendwéi aushalen.

Mä leider ginn et hei zu Lëtzebuerg och vill Leit, déi ganz schlecht wunnen, och scho virun der Corona-Kris. Well mir hunn zanter Joren och nach eng aner Kris: D’Wunnengskris.

Ech schwätzen hei vu Famillen, déi zu 5 an engem klenge Studio wunnen. Vun deenen, déi sech mat enger anerer Persoun ee muffegt Cafészëmmer deele mussen. Vun deenen, déi scho ganz laang a provisoresche Strukture wunnen: am Fraenhaus, am Flüchtlingsheem; an do net erauskomme well et keng abordabel Wunneng um Marché gëtt. Vun deenen, déi a fiichten, verschimmelte Wunnenge wunnen. Mä och vun all deene jonken Erwuessenen, déi nach musse bei hiren Eltere wunnen, zum Deel mat ofgeschlossenem Studium. Mä och vun all deenen, déi sech just keng grouss genuch Wunneng leeschte kennen, well se einfach ze deier wier. Déi bleiwen doheem an hirem Prisong. A da ginn et nach déi, déi guer keng Wunneng hunn. Fir si ass de « Bleif doheem » souwisou eng riicht an d’Gesicht.

Eis Regierung mécht wierklech ee ganz excellenten Job an der Corona-Kris an ech si mir sécher, dass mir dat geschwë gepackt hunn. Ech hoffen awer, dass duerno mol endlech mat der selwechter Energie a Vehemenz géint d'Wunnengskris gekämpft gëtt. Sie hu jo elo gewisen, dass si et kënnen. Loosse mer hoffen, dass si et och wëllen.