De 16. Mäerz 2020 ass de Confinement zu Lëtzebuerg agefouert ginn. No den éischte Woche fänke mer un, ons Froen iwwert déi nei Welt ze stellen, déi am Gaang ass ze entstoen.

Carte Blanche vum Ben Fayot

De Confinement soll d’Verbreedung vum Covid-19  stoppen. De Konsens an d‘Akzeptanz waren a sinn nach ëmmer grouss, well d’Angscht grouss ass, ugestach ze ginn. Mä eigentlech war keen dorop preparéiert. Kee konnt sech virstellen, wat doduerch géif entstoen.

Fir d'Éischt hate mer e puer Woche wonnerbar Rou a Stad a Land. Keng Chantieren, keng Ofgasen, kee Stau. D’Famillje waren doheem zesummen, endlech hate Pappen a Mammen Zäit fir hir Kanner. No 5 Woche Confinement awer ass d’Welt eng aner.

Mat der Zäit sinn Zweiwel opkomm: ass de Confinement Zwang oder Fräiheet?

Eng Partie Leit genéissen et, vill Zäit fir sech an hir Aktivitéiten ze hunn, eng Partie hunn hir Unhaltspunkte verluer. Alles wat programméiert war, brécht ewech, all Dag eppes méi an all Dag méi wäit an d‘Zukunft.
D'soziaalt Wiesen "Mënsch" muss sech änneren. De Kierper gëtt eppes Friemes: keng Bees, keen an den Aarm huelen, iwwerhaapt keng Beréierung, jiddwereen op d'mannst zwee Meter vuneneen ewech. D’Gesicht gëtt vermummt, d’Leit mat de Maske sinn onkenntlech, hir Stëmm knapps verständlech. An ob et eppes bréngt, weess eigentlech keen esou richteg.

Videokonferenze sinn ugesot, amplaz lieweg Wuertwiesselen. Jiddweree sëtzt doheem eleng vrun engem Apparat a seet säi Spréchelchen. Wackeleg Biller kommen eriwwer, verzunne Mënner, ofgehaakte Sätz. Grujeleg.

Dag fir Dag gëtt extensiv vun der Krankheetsfront bericht. Nei Guruen trieden op a proposéieren nei Wonnermëttel. An dem morbiden Alldag entstinn nei Heldinnen an Helden: Wëssenschaftler, Dokteren,  Infirmièren an Infirmieren, Caissièren an de Geschäfter a Botzfraen.

An d’Fraen iwwerhaapt: si hunn eng Schaff, Kanner, e Stot, a mussen elo Schoulmeeschter spillen.
Kee weess eigentlech, wat deen Homeschooling bréngt. Wuel wäert et do si wéi bei all Zort Schoul: déi ganz gutt Schüler maachen dat spilles, all déi aner emol gutt emol schlecht, jee wéi d’Ëmstänn an d’Enseignantë sinn.

Sou entsteet lues a lues eng aner Welt a kee weess, ob et eng nei oder eng besser gëtt, wéi déi al.
D’Politik mécht wat se kann, mat vill Suen an Empathie, fir dat schlëmmst ze verhënneren. Hoffentlech gëtt de Covid kee parteipolitescht Schluechtfeld.

Mir waarden all op d‘Impfung.

Wéi dat da geet, fir 7 Milliarde Mënschen ze impfen, ouni dass doraus e risegt Geschäft fir e puer Superschlauer gëtt, wësse mer bis elo och nach net.