Et ass fir d’éischte Kéier an der Geschicht, dass Mënschheet engem gemeinsame Feind ausgesat, nämlech engem Virus: dem Covid 19. De Marc Hostert mat e puer Iwwerleeungen ëm den ekonomeschen Impakt, méiglech ekonomesch Äntwerten an e puer méiglech Lexikone fir d'Zukunft.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Viru méi wei engem Mount wei Sanitär Kris vum Covid-19 voll am Umarsch war, hunn déi meescht Regierungen ugefaangen d’Maxim eraus ze ginn « flatten the curve » fir, dass Klinicken et mat dem massive Stuerm vu Covid-Patiente kéinten ophuelen.

Dowéinst ass en Trade-off, also eng bewosst Aschränkung vun der Wirtschaft zu Gonschte vun der Santé gemaach ginn, mat drasteschen an eemolegen Aschränkunge vun eise biergerleche Fräiheeten, déi jidder eenzelen, ob Doheem, op der Aarbecht  oder am Altersheem, ze spiere kritt. Des Aschränkunge sinn déi restriktiivst, déi zanter dem 2. Weltkrich duerchgesat gi sinn. Dëse Shut-down ass fir der Corona-Kris entgéint ze wierken effikass.

Konsequenze fir d’Ekonomie an eise Wuelstand sinn awer enorm. Jee no Land kann et zu Rezessiounen tëscht 10% an 25% kommen.

Europa a senger Traditioun vun enger sozialer Maartwirtschaft äntwert mat engem monetären, steierlechen a Subventiouns-Schutz-Package op déi elo kommend Wirtschaftskris, fir Aarbechtsplazen an Entreprisen se retten. Dëst ass méiglech fir Länner, esou laang des hir Solvabilitéit oprecht erhale kënnen.

De Volumen, Gréisst an Durée vun de Schutzmoossnamen ënnerscheede sech jee no Land.

An den USA gi Mäert stabiliséiert duerch Schutzmoossnamen, Aarbechtsplaze ginn net direkt wéi an Europa geschützt.

Et wäert vun der Dauer vun der Kris ofhänken, wat fir ee Schutzmechanismus den effizientsten ass. D’Inflatioun wäert an Luucht goen a kleng an mëttel Betriber wäerten et iwwerproportional schwéier kréien.

Südeuropa leit am meeschten an der EU ënnert dem Coronavirus. 750 Milliarden Euro gi vun der EZB zur Verfügung gestallt. Strukturfongen aus dem EU-Budget wäerten a Südeuropa ëmgeleet ginn. Dat eleng wäert awer net duer goen, fir zum Beispill Italien finanziell ze retten.

Italien ka bei dëser sanitärer Kris net ënnerstallt ginn, se hätte bewosst e méi en grousse Risk geholl. Italien ass bei dëser spezifescher Situatioun vum « Moral hazard » deemno entbonnen. Eng Kreditlinn vum ESM oder souenannten « Frankensteinbonds » ouni Konditionnaliteit kéinte fir des speziell Situatioun eventuell eng Léisung sinn.

No dëser Kris wäerte mer feststellen, dass de Coronavirus Transformatioun vun eiser Gesellschaft mat grousser Vitesse virugedriwwen huet.

En Haaptbestanddeel vun dëser Transformatioun ass d'Digitalisatioun. Eis Aarbechtswelt, eist Wunnen, d’Akafe wäert änneren, ëmsou méi, wou all Bierger, all Länner zur selwechter Zäit der selwechter Erausfuerderung ausgesat sinn.

Transformatioun an Digitalisatioun hunn och en risegen Impakt op d'Zukunft vun der Globalisatioun. An der Zomm wäert d'Globalisatioun weider zouhuelen, manner bei den physesche Produkter, mä iwwerproportional bei den Déngschtleeschtungen.

Medezinescher Apparater, Medikamenter a systemesch wichteg Produkter mussen an Zukunft nees kënnen an Europa méi produzéiert ginn. Mir brauchen méi a weider Industrie.

Dës Transformatioun an de Strukturwandel muss awer politesch méi encadréiert ginn, zum Beispill an der Steierpolitik duerch eng Digitalbesteierung,  eng Carbonsteier a beim Niveau vun de Reserven, déi Betriber kënnen a musse maachen. A besonnesch an der Politik, fir de Schutz vun de Biergerrechter.

Des Kris wäert vill, ganz vill vun eis verlaangen. Wa mer eis richteg opstelle fir d'Zukunft, da kënne mer gestäerkt, mä drastesch verännert aus dëser Situatioun erauskommen.