An der Carte Blanche vun e Mëttwoch geet de Chef vum Fonds National de la Recherche op de Lëtzebuerger Test-Programm an, dee vun der Fuerschung erschafft an d’lescht Woch op enger Pressekonferenz presentéiert gouf. Säi Message: Sech teste loossen ass e solidareschen Akt.

Carte Blanche vum Marc Schiltz

D’Lëtzebueger Fuerschung huet an de leschte Woche vill geschafft: dagdeeglech aktualiséiert eng Grupp vu Wëssenschaftler, Projektiounen a Modelisatiounen zur Verbreedung vum Coronavirus zu Lëtzebuerg. Mee och déi ekonomesch sozial a psychologesch Auswierkunge vun der Covid-Kris op eis Gesellschaft ginn erfuerscht.

Den FNR huet rezent 5,6 Milliounen Euro investéiert a Projete ronderëm d’Coronavirus-Epidemie. An dëser Situatioun stellt sech eraus, dass et fir d’Land wichteg ass, eng eege Fuerschung ze hunn. An d’Fuerschung ka lo weisen, wat se fir d’Land ka maachen.

Eng Strategie fir groussflächeg Tester ass elo vun der Lëtzebuerger Fuerschung ausgeschafft ginn. Et ass hei keen abstrakt akademescht Zil derhannert, ma e ganz konkret: de Virus ënner Kontroll behalen, wärenddeem mir de Wee zeréck an e méi gereegelt Liewen ënnert dem Deconfinement fannen.

Firwat de Fokus op d’Testen? Eng vun den Eegenaarte vun dësem Coronavirus ass, dass vill Léit infizéiert sinn, ouni awer Krankheetszeechen ze hunn. Si sinn awer ustiechend fir déi aner, ouni et emol ze wëssen. Bis ewell sinn nëmmen Leit mat Symptomer getest ginn, mee domadder gi schätzungsweis just ëm 20% vun den Infizéierten identifizéiert.

Dofir wëll ech hei de Message ginn: Wann der ugeschriwwe gitt, iech testen ze loossen: Wgl. loosst iech testen, och wann der keng Krankheetszeechen hutt. Wëll et ass e solidareschen Akt.

Firwat ass dat esou? Ma wann ech selwer infizéiert sinn, awer keng Krankheetssymptomer hunn an och net weess, dass ech infizéiert sinn, da kann ech, ouni et ze wëllen, aner Leit ustiechen, Membere vu menger Famill, Aarbechtskolleegen a virun allem eben och déi, déi besonnesch vulnerabel sinn. Dat war elo an Zäite vum Confinement, wou mer doheem waren an ons un d’Reegele gehalen hunn, net wierklech e Problem. Ma elo am Kader vun der Exit-Strategie geet et jo drëms, nees méi Fräiheeten ze kréien, also och nees méi sozial Kontakter. Et ass also an dëser Situatioun immens wichteg, dass een, wann een infizéiert ass, doheem bleift, well soss riskéiert déi séier Verbreedung vum Virus erëm vu Vir unzefänken. A fir eraus ze fannen, ob ech infizéiert sinn, dofir sinn d’Tester do.

Et ass eng grouss Chance fir eist Land, dass mer eis d'Méiglechkeet ginn, d’ganz Bevëlkerung kënnen ze testen, an dat esou guer e puer Mol. A mir sollte se notzen. Dofir nach emol mäin Appell: Wann der ugeschriwwe gitt, fir iech testen ze loossen, dat loosst iech testen – aus Solidaritéit zu allen! – Fir dass der net aner Leit ustiecht, ouni et ze wëssen an ouni et ze wëllen.