Viru 500 Joer huet de Magellan de pazifeschen Ozean erreecht a fir méi wei 100 Deeg gesäit hien a seng Ekipp soss näischt wéi bloen Himmel a Waasser. De Lëtzebuerger war elo 56 Deeg doheem an och mat Frigo an Netflix geet dat duer, fir datt d'Froen, déi sech sou gestallt ginn, bemol ganz anerer sinn - dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

D'Symbolik kéint méi ironesch net sinn: op engem Freideg den 13. erkläert d'Regierung den nationale Lockdown wéinst dem Covid-19 – éischt Affer: déi national Bildungsinstitutiounen, kuerz d'Schoule bleiwe bis op Weideres zou. Elo gi se an 3 Etappen op – wann et dann dobäi bleift. Mir schreiwen d'Joer 2020 – sinn net ënnerwee a Galaxien, déi nach ni e Mënsch virun eis gesinn huet an awer hu mer eis op eng Rees gemaach, déi an deem Ausmooss d'Mënschheet an och Lëtzebuerg a Friddenszäiten nach ni erlieft huet. Just datt dës Rees néierens hiféiert ausser op Couche an an déi eege Stuff. Kuerz: #bleiftDoheem.

Wär d'Fro soss: wéini ass Vakanz – gouf dorausser ganz séier: wéini ass endlech erëm Schoul? D'Léieren ass eng Saach. Wesentlech an der Schoul ass awer zesummen de Spagat tëscht faszinéierendem Virwëtz an dem Korselet vun Autoritéit an Äntwerten, déi gefillt kee brauch, hinzekréien: kuerz Frënn, Kolleegen a gemeinsam Feindbiller.

Déi al an éiweg philosophesch Fro: wat kann de Mënsch wëssen, respektiv wat ass wouer? Wär am 21. Joerhonnert wuel éischter eng Saach fir interesséiert Freaks – lo fänken all Dag déi weltwäit News mat der Fro un: Wat wësse mer vum Covid-19?

Dem Lëtzebuerger seng Fro: wéi vill Vakanze ginn dann dëst Joer gemaach, ass lo: gi mer iwwerhaapt nach jee eng Kéier an d'Vakanz? Europa erweist sech als ee Wirtschaftsraum, wou sech géigesäiteg mësstraut gëtt. Kuerz: de Schengen-Accord kritt e seriéise Stress-Test. Outcome: net wierklech kloer an evident.

Vläicht hätt der Regierung gutt zu Gesicht gestanen, d'Lockerung op den Europadag virzezéien – eng staark symbolesch Ausso vum klengen europäesche Grënnungsmember. Kuerz: eng verpasste Chance.

Moralesch Dilemma-Geschichte léisen als Gedankenexperimenter dacks net vill méi.

Wéi Kapprësele bei de Leit, bis eis italienesch Frënn vun haut ob muer bemol puer dausend konkret Fäll haten. Wou eenzel Mënsche séier hu missen entscheeden, wéi eng aner eenzel Mënschen Hëllef kréien: kuerz, wie kritt eng Beootmungsmaschinn op enger Intensivstatioun a wie muss stierwen? A mir all denken: hoffentlech hate se genuch Morphium, fir déi Entscheedung kënne palliativ ze begleeden.

Dofir wär de Lockdown richteg. Kuerz: gutt gemaach Regierung!

An awer muss elo opgepasst ginn, datt d'Politik d'Fanger vun der Muecht erëm ka loossen, fir datt d'Fräiheet net de Präis vum Confinement gëtt. Kuerz: bleift vigilant – indignez-vous oder sidd op d'mannst drop virbereet.

Sou bleift ze hoffen, datt déi Erwuesse vun haut an 10 Joer net ëmmer vun den zukünftege Generatioune gefrot ginn: Wéi wär d'Liewe virum Lockdown? Erziel mol nach eng Kéier, wéi d'Welt deemools ausgesinn huet. Keen huet Loscht op eng Dystopie, déi net fiktional, mä real wier! Kuerz: passt op a bleift gesond.