Wéi eng Biller produzéiert d'Corona-Kris? A senger Carte Blanche kuckt de Patrick Michaely dëst mat den Ae vum Wëssenschaftskommunikateur.

Carte Blanche vum Patrick Michaely

Mëtt Mee ass normalerweis net de Moment, fir schonn un e Bilan vun engem Joer ze denken. An dach wëll ech hei e bëssi virgräifen! Wat kéinten d’Biller sinn, déi d’Coron-Kris fir den traditionelle Joresréckbléck ze bidde wäert hunn? Well déi grouss Majoritéit vun de Leit déi lescht zwee Méint duerch de Confinement an enger Zort Zäitschläif gefaange war, erlieft se de Prozess, dee Biller ikonenhaft produzéiert, héchstwarscheinlech vill méi bewosst mat. Et betrëfft ons leschtenends alleguerten, a Biller vu Patiente mat Otemapparaten, vu Schlaangen viru Supermarchéen, vu Pressekonferenze mat Masken, vun eidele Stroossen an zouene Geschäfter markéieren ons all.

D’Corona-Kris stellt dann awer och d’Fuerschung an der Virdergrond. Aus der Siicht vun der Wëssenschaftsvermëttlung a Wëssenschaftskommunikatioun ass et natierlech interessant ze kucken, wéi eng Biller an dësem Kontext an de Medien ervirstiechen a wat se iwwer d’Duerstellung vun der Wëssenschaft an der Ëffentlechkeet aussoen. Ech géif se mol an dräi Haaptkategorien deelen: de Feind, d’Zuelendiagrammen an als drëtt, d’Helden.

De Feind ass natierlech de Virus. Déi allermeeschte Leit dierfte mëttlerweil wëssen, wéi de Sars-Cov-2 ausgesäit. Oder mengen et mol. Well esou schéi faarweg, dräidimensional Fotoen, wou een am Detail all eenzel Ventouse vum Virus gesäit, si bis elo nach kengem eenzege Fuerscher gelongen. D’Realitéit ass méi onschaarf a …gro. D’Faarwen um agefierfte Mediebild sinn duerfir net zoufälleg gewielt. Déi meeschtens waarm rout-giel Faarf signaliséiert Gefor a Féiwer. D’Ventousen deiten op eng Kroun hin, also den Numm vum Virus, mä visualiséieren och d’Iddi vum Friemkierper, dee sech aschleist, fixéiert an nëmmen ongär lassléisst.

Iwwertrompt ginn d’Biller vum Virus selwer an de Medie awer vun deene mat Diagrammen, op deenen d’Zuele vun de betraffenen, behandelten, hospitaliséierten a verstuerwene Leit agedroe sinn. Dat ass eng Iwwerraschung fir d’Wëssenschaftsvermëttlung, well esou Diagrammer normalerweis als onattraktiv gëllen a schwéier ze vermëttele sinn. Ass de Grond vläicht, datt eng Kurv, déi sichtlech erof geet, wuel dat evidentste Bild ass, datt de Virus endlech lassléisst?

Déi heefegst Biller an der Corona-Zäit sinn awer definitiv déi vum Expert. Virologen, Medieiner am Déngscht oder an der Pensioun, Fernsee-Dokteren oder Institutdirektere ginn am Ausland, mä och hei am Land vun de Medien zu Helden, oder heiansdo och zu Anti-Helden, stiliséiert. Hir Gesiichter si mëttlerweil méi bekannt wéi déi vu Fussballspiller, verschiddener beherrschen d’Spill mat de Medien, anerer manner. Kritiklos geduuzt gëtt wéi am Sportjournalismus heiansdo souguer och. De Coronavirus huet de Fuerscher an de Leit hir Stuff bruecht. U Biller aus der Wëssenschaft feelt et also am Moment net. Ech sinn elo scho gespaant op de Joresréckbléck am Dezember.

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.