Fake News ass e relativ rezente Begrëff fir eng falsch Noriicht, déi bewosst an d'Welt gesat gëtt a bewosst oder onbewosst gegleeft a weiderverbreet gëtt.

Carte Blanche vum Anne Brasseur

Dat ass eng beonrouegend Entwécklung: Propaganda a Verschwierungstheorien huelen zou, besonnesch an de soziale Medien, wärend d'Vertrauen an déi klassesch Medien ëmmer méi ofhëlt. An enger Gesondheetskris wéi elo schued dës Infodemie, wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun dat nennt, net nëmmen der Demokratie, mä bréngt och Liewen a Gefor.

Gezielten Desinformatioun huet et schonn ëmmer ginn. Si huet esouguer zu Kricher gefouert. Fake News sinn also net nei, mä hir Verbreedung wiisst mat där vun de sozialen Netzwierker. Dofir hu mir elo en explosive Wuesstem vun esou enger Desinformatioun. D'Auswierkungen op ons Demokratië si gravéierend. Noriichten, déi op engem Bauchgefill oder Ressentimenter opgebaut sinn, ginn als Wouerechte verkaf... a gegleeft. Wale gi mat ëmmer méi onerhéierte Lige gefouert.

D'EU an elo och Dokteren a Virologe proposéieren dofir, datt Online-Ubidder solle fir Fake News op hire Plattforme responsabel gemaach ginn. Si sollen esou gezwonge ginn, fir Informatiounen ze checken, fir ze jugéieren, wat wouer a wat erfonnt oder gelunn ass.

Dat ass natierlech onméiglech, wann een déi Millioune Videoen, Biller an Texter bedenkt, déi all Dag uechter d'Welt eropgeluede ginn. An der Praxis wäert dofir an Zukunft léiwer ze vill wéi ze mann geläscht ginn.

Esou eng Entwécklung féiert dann dozou, datt um Enn Privatentreprisen decidéieren, wat richteg a wat falsch ass, wat ka publizéiert a wat muss zenséiert ginn. Dat werft méi wéi eng Fro am Zesummenhang mat der Meenungsfräiheet op. D'Liberté d'expression ass e Grondrecht, dat nëmme garantéiert bleift, wann eng fundéiert Diskussioun méiglech ass. Esou een Austausch ass wichteg, well et dacks keng absolut Wourecht gëtt, an eréischt den Echange vu Meenungen zum Pluralismus an onser Gesellschaft bäidréit.

Méi wichteg wéi eng privat oder staatlech Wourechtsinstanz ass eng kritesch Sensibiliséierung a Medienerzéiung. Mir brauche méi Transparenz bei den Online-Noriichten.  Mir brauchen e pluralistesche Faktencheck. Mir brauche virun Allem eng staark, onofhängeg a fräi Press.