De Robert Weber, de fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten, mécht sech an dëser Zäit eemol méi Gedanken iwwert de Wäert vun der Aarbecht.

An dëse Krisen-Zäiten dauchen nei Wierder op: mir schwätze vun systemesche Banken, vun essentielle Wirtschaftssecteuren a vu systemrelevante Beruffer.

Heescht dat, dass et och de Géigendeel gëtt?

Oder heescht dat, dass dës Banken, Wirtschaftssecteuren a Beruffer an der Zukunft eng besonnesch Bedeitung wäerten hunn. Ech hoffen net! Well wat ass da mat all deem Aneren?

A wou bleift eigentlech eemol méi de Mënsch bei dëse Gedanken?

Sinn d’Mënschen eng reng Wuer, déi ersat gëtt, wa se ausgedéngt huet?

Esou reng kapitalistesch Iwwerleeunge kann een nëmmen an engem absolut liberal-kapitalistesche Weltbild ustellen.

"Geld regéiert d’Welt", heescht et am Volleksmond. Jo, an dëser Zäit ass de Ruff no staatlecher Finanzhëllef esou grouss wéi nach ni. Knapp 10 Joer no der leschter Finanzkris maache mir erëm dausende vun Milliarde Gelder flësseg (déi mir iwwregens net hunn) fir eis Wirtschaft um Liewen ze halen. Eng Wirtschaft, déi grad an dëser Zäit Milliarde vun Gelder un hir Aktionäre verdeelt. Eng Wirtschaft, déi Milliarden un ëffentleche Subventioune kritt an eng Wirtschaft, déi Millioune vun Aarbechter an de Chômage setzt. Et ass ëmmer erëm dat selwecht Spill!

De Kapitalismus ass déi nei Weltrelioun. Famill, Schoul, Kierch sinn al Institutiounen a längst iwwerholl. Deen alles beherrschende Gott, dat ass de "Maart".

Eis Politik gëtt an dëser Zäit net vun Ideologien oder Weltuschauungen dirigéiert. Si follegt dem Maart, dem neie Gott. D'Aarmut, de Respekt virum Alter, de Respekt viru kranke Leit, den Ëmweltschutz, jo esou guer de Fridden op der Welt, alles muss dem Prinzip wäichen: hues du eppes unzebidden, ass et ze verkafen a rentéiert et sech. Aner Froe kennt dëse "Gott" net!

Sozial Léieren a politesch Programmer wuessen ëmmer vun ënnen. Hir Gebuertshëllef si Mënschen, déi leiden a Problemer hunn. D'Politik huet déi verdammte Flicht an dës Problemer anzedauchen, doriwwer nozedenken a mat politescher Ustrengung Léisungen unzebidden. Nëmmen esou kann een déi historesch Kraaft vu Karl Marx, Ferdinand Lasalle, Oscar Romero, Poopst Leo XIII, Johannes Paul II an anere verstoen.

Mir schwätzen iwwert honnert Joer vun Demokratie. D'Zäit ass reif elo, fir och endlech eng Demokratiséierung vun eiser Wirtschaft.

Mir brauchen heiheem an och um europäeschen Niveau:

  • een neit Gesetz iwwert Kuerzaarbecht!
  • een neit Gesetz iwwert Matbestëmmung!
  • een neit Gesetz iwwert Kollektivvertragswiesen!

Här Aarbechtsminister, Dan Kersch, mir moossen Är Aarbecht um soziale Fortschrëtt. Deen ass nach ni vum Himmel gefall. Deen hu Sozialpolitiker konkret gemaach.

Oder geet et no dëser Kris wéi ëmmer: déi Räich gi méi räich an déi Aarm gi méi aarm.

D’Rechnung bezilt jo awer den normale Bierger... oder dir Häre Kersch a Schmit?