De Benoît Reiter, Historiker a Jurist, stellt sech eng Rei Froe ronderëm de Coronavirus.

Carte Blanche vum Benoît Reiter

Et geet Iech héchstwarscheinlech sou wéi mir. Dir kënnt d’Wierder "Corona" a "COVID-19" net méi héieren. An trotzdeem wollt ech Iech ploe mat enger Rei Froen, déi ech mer stellen, an Dir Iech vläicht och. Fir et gläich ze soen, et geet mer net ëm Verschwierungstheorien an de Bill Gates.

De Virus ass a China opgedaucht an huet sech do wochelaang ausgebreet, ouni dass Mesuren ergraff gi sinn. Dokteren, déi alertéiert hunn, si monddout gemaach ginn. Wéi ass et do mat der Responsabilitéit vum chinesesche Regime fir dës weltwäit Pandemie? Misst déi net ënnersicht ginn a misst dëst net Konsequenzen hunn?

An Europa huet de Virus wochelaang fir d’éischt an Italien gewüt. Hunn déi aner europäesch Staaten net vill ze laang gewaart, éier Reaktioune komm sinn? Wier et net batter néideg gewiescht, schonn am Februar Mesuren z'ergräifen, fir d’Pandemie anzedämmen amplaz duerno en totale Lockdown ze decidéieren?

Mëtt Mäerz sinn d’Schoulen zougemaach ginn, sou wéi och an anere Länner. Et ass gesot ginn, dass d’Kanner deen ideale Vecteur wieren, fir de Virus ze verbreeden. Duerno sinn dës Aussoe staark relativiséiert ginn. War d’Zoumaache vun de Schoulen iwwerhaapt gerechtfäerdegt?

Dann zum Confinement an zum berüümte schwedesche Wee. A Schweden ass probéiert ginn, méi op Civismus ze setzen amplaz op Verbueter. Et ass och versicht ginn, déi sozial Relatiounen net ze verbidden an d’Ekonomie net ze erwiergen. Ass dat déi besser Strategie?

Am Kader vum Lockdown ass argumentéiert ginn, dass een d’Kurv vun den Infektioune misst flaach halen, fir dass de Spidolssecteur kéint weider fonctionéieren. Bei allem Verständnis fir dës Suerg ass et awer esou, dass alles, all mënschlech Relatiounen, all Aarbecht, dësem Besoin ënnergeuerdent ginn ass. Ass dat iwwert eng kuerz Zäit eraus ze veräntweren? Wier et net besser gewiescht, dem Spidolswiesen eng Zäit ze ginn, fir sech prett ze maachen, wat jo och geschitt ass, an duerno dat normaalt Liewen erëm ulafen ze loossen?  Justifizéiert d’Suerg ëm de Gesondheetssecteur, dass ee vill Leit an hiren Existenze bedrot, se an d’Faillite an an de Chômage gehäit, se psychesch krank gi léisst ?

An dann nach e puer Wierder zur Ekonomie. Wärend d’Betriber aus der reeller Ekonomie leiden an deelweis futti ginn, sinn d’Bourse frou. D’Zentralbanken hu vun der Kris profitéiert fir Milliarden an de Finanzsecteur ze pompelen. De Finanzkapitalismus boomt, déi reell Wirtschaft leit. Gëtt d’Ëmverdeelung vum Räichtum, déi jo ëmmer kritiséiert gëtt, esou net nach weider gedriwwen?

D’Staate waren alleguer héich verschëlt a sinn et elo nach vill méi. Lëtzebuerg ass do glécklecherweis besser dru wéi vill anerer. Mä wéi wäerten all déi Staaten déi extreem Depensen, déi se momentan maachen, iwwerhaapt finanzéiere kënnen? Wat geschitt à long terme mat de staatleche Scholdebierger?

Souwäit e puer Froen. Da loosst eis elo emol zesummen no den Äntwerte sichen!