Bei Kappwéi wësse vill Persoune genau wourun et läit: Et huet een zum Beispill net genuch gedronk oder et hat een e stressegen Dag. Mee stellt iech emol vir, de Kappwéi géing ni méi fortgoen oder et hätt een eng aner chronesch Erkrankung? Wéi erliewen déi Betraffen dës Situatioun a wéi kann een se am beschten ënnerstëtzen? Dorobber geet d‘Anne-Marie Hanff, Infirmière a Fleegewëssenschaftlerin, an hirer Carte Blanche an.

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Fleegewëssenschaftler beschäftege sech vill mat der Fro, wat eng chronesch Erkrankung bedeit a wéi dës erlieft gëtt. Den Häerzinfarkt oder Hiereschlag, Demenz oder héijen Zocker gehéieren zum Beispill zu dëse chronesche Krankheeten, déi laang daueren a schwéier bis net heelbar sinn. D‘Krankheete weisen e bestëmmte Verlaf a jee no Krankheetsphas ginn déi Betraffen ënnerschiddlech domadder ëm. Dëst konnten d‘Fleegewëssenschaftlerin an de Soziolog Corbin a Strauss erausfannen.

D‘Fleegewëssenschaftler Schaeffer a Moers beschreiwen, ewéi schonn éischt Symptomer optrieden éier d‘Diagnos gestallt gëtt. Dës kënne beonrouegend sinn, ewéi zum Beispill bei engem Häerzinfarkt an den Arem ausstralende Wéi. Déi Betraffen erkläre sech dës Symptomer dacks duerch aner Grënn: „Ech hu mir wuel d‘Schëller gezerrt“.

Spéitstens wann d‘Symptomer sech krisenhaft zouspëtzen, wéi zum Beispill bei engem Häerzinfarkt, féiert de Wee zum Dokter an eng erwaarten oder onerwaarten Diagnos gëtt gestallt. D‘Symptomer stabiliséiere sech an déi Betraffe kënnen nees aus dem Spidol heem. Si sinn erliichtert, verhale sech virbildlech an hoffen, dass si nees normal liewe kënnen. Net seele bezuelt sech hiren Engagement och aus! An dach ginn et och heiansdo Réckschléi, déi bewosst maachen, dass näischt méi sou ass wéi et war. Si traueren ëm dat aalt Liewen, bis si realiséieren, dass si no vir kucken a mat der Krankheet liewe mussen.

Eng Fro, déi sech d‘Infirmièren, mä awer och Famill a Frënn stellen, ass: Wéi kënne mir déi Betraffen am beschten ënnerstëtzen? D‘Fleegewëssenschaftlerin aus Holland, Prof. Gyrpdonck, huet dozou folgend Ausso gemaach: „Die Pflege chronisch Kranker sollte sich auf das Leben der einzelnen Personen ausrichten und nicht auf die Krankheit und deren Folgen.“

Och huet si geschriwwen: „Die Krankheit ist ein Teil des Lebens chronisch Kranker, sie ist jedoch nur ein Teil!“

D‘Krankheet hëlt eng grouss Plaz am Liewen an. An dach muss genuch Raum fir d‘Liewe bleiwen. Wann zum Beispill Medikamenter bei enger Häerzschwächt maachen, dass ee ganz urgent op d‘Toilette muss an de Betraffenen awer gären op de Maart geet, wou natierlech net iwwerall eng Toilette ass, da wäert e sech d‘Fro stellen, ob en dat Medikament anhuele soll oder net. Dëst wierkt sech awer schlecht op de Krankheetsverlaf aus.

Wéi kann een elo domadder ëmgoen? Grondsätzlech soll evitéiert ginn, nach méi Virschrëften ze maachen, mä et soll probéiert ginn, déi medikamentéis an net-medikamentéis Behandlung esou unzepassen, dass dës sech beschtméiglechst an d‘Liewen integréiere léisst. An do kéint d‘Infirmière de pratique avancée an Zukunft eng wichteg Rolle spillen.