A senger Carte Blanche mécht sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist, Gedanken iwwer de Neistart Lëtzebuerg. Dëse Reboot muss iwwer e Mesurëpak fir d'Wirtschaft erausgoen.

„Neistart Lëtzebuerg“ – dat ass de Motto ënner deem de Mesurëpak vun der Regierung steet. Dëse soll der Wirtschaft hëllefen, d’Corona-bedéngte Kris ze iwwerwannen. Gutt esou!

D'Carte blanche vum Marc Glesener

Neistart Lëtzebuerg: Dat klengt no eppes ganz Neies, engem neie System, engem neie Mateneen, engem anere Modell, ewéi deen, dee mir bis elo am Land kannt hunn.

Op et dat wierklech ass a wäert ginn, bleift ofzewaarden.

Ech perséinlech hoffen op alle Fall, dat esou en Neistart méi wäert sinn a bréngen, ewéi Milliounen Euroen, déi als direkt an indirekt Hëllefe fléissen.

En Neistart misst am Fong mat enger Neidefinéierung vun allgemenge politeschen a soziale Prioritéiten Hand an Hand goen.

Starte mer nei fir mat allem, wat virdrun net gutt gelaf ass, einfach esou weiderzefueren? Oder kann sech e Land ewéi Lëtzebuerg an eng ganz Gesellschaft nei erfannen? Zum Beispill mat enger anerer Approche an der Ëmverdeelung vum Räichtum, bei den Investitiounen a wichteg Beräicher wéi d’Santé an de Logement oder mat konkreten Incentive fir anescht, méi no a méi nohalteg ze konsuméieren.

En Neistart fir mech, dat wier och en Ëmdenken an der Aart a Weis, wéi Politik gemaach gëtt. E misst Schluss sinn mat Klientelissem an domat, déi eng géingt déi aner opzestëppelen. An enger neier politescher Welt sollt zum Beispill e Vizepremier, deen sech als Verdeedeger vum klenge Mann inzenéiert net méi géingt - a sengen Ae giereg a verwinnte - Fräiberuffler wiederen. Dat bréngt näischt, ausser vläicht e puer Stëmme vu Frustréierten, déi an „ewig gestrige“ Kategorien denken.

Ech fir mäin Deel waarde gespaant op de Neistart! Op en neien Deal tëscht den Haaptacteuren am sozialen a politesche Lëtzebuerg. Mat dem Wuert Neistart - engem Reboot also - läit d’Lat op alle Fall relativ héich.