Vun dëser Woch un ass déi drëtt Phas vu méi labbere Mesuren an der Lutte géint de Covid-19 agelaut, mä wat heescht dat? Eise Commentateur seet "Komm mir loossen eis eist Liewen net coronariséieren!". Wat ass domat gemengt? De Psychiater Paul Rauchs explizéiert et a senge Wierder.

Vun e Mëttwoch u kënne mer also op der Terrass erëm no bal 10 Wochen e Patt huelen an e Freideg an d'Kierch erëm biede goen. Wann d'Kris och nach net ganz eriwwer ass, kann ee bal soen, dat se amgaangen ass, opzehale wéi se ugefaangen huet: mat Feieren a mat Bieden. Der erënnert Iech, dass déi éischt Vire vun den Après-ski-Partyen aus Ischgl koumen, mä och vu Mulhouse, wou evangelesch Pilger a Masse gebiet hunn. De Virus huet do zougepak, wou de Mënsch Mënsch ass: a senger Gesellegkeet, senge soziale Kontakter. D'Réimer wossten, dass d'Vollek Panem et Circenses brauch, also Brout a Spiller. Zu de Spiller gehéiert awer net nëmme Fussball, mä och Theater, Kino a Concert. Et war schonn héich ironesch, dass d'Centres de soins avancés sech ausgerechent an der Rockhal an an den Expohale breet gemaach hunn. Eis Autoritéiten, déi sech grosso modo gutt aus der Affär gezunn hunn, wollten nieft dem Virus och d'soziaalt Liewen zëssen, an deem se, zu Recht oder zu Onrecht, dem Corona säi beschten Alliéierte gesinn.

Carte Blanche vum Paul Rauchs

Ech weess net, wéi ech de Mëtteg mat menger Mask mäin Humpen drénke soll, an als Psychiater ass et och schonns paradox, Patiente mat Masken ze behandelen, déi eigentlech bei hie kommen, fir sech ze demaskéieren. D'Mask ass an dëser éischter Phas vum engem Confinement soft wuel néideg, mä si dierf net zu enger "Grimasque" ginn an zu enger generaliséierter sozialer Hypocondrie féieren. Mir hunn eise Botter gerett, dat wäert eis e gudden Deel vun de Sue vum Botter kaschten, mä wat mer sécher komplett verléieren wäerte mat eisen sëllege soziale Barrièren ass dat frëndlecht Laache vun der Botterfra.

D'Virologen hu wärend méi wéi 2 Méint Politik gemaach, an dat war warscheinlech néideg, mä elo gëtt et Zäit, dass d'Politiker net nëmme méi Medezin maachen. De Confinement ass vun deenen allermeeschte Leit brav an disziplinéiert befollegt ginn, d'Collaboratioun bis hin esouguer zur Denonciatioun war exzellent, och, well d'Leit berouegt waren, dass hirer Fräiheet endlech erëm Grenze gesat goufen. Well Fräiheet bedeit Angscht, an de Virus ass e kamouden Ophänger fir dës Angscht. Angscht ass natierlech e wichtegt Instrument, fir d'Liewen z'erhalen, mä ze vill Angscht gëtt kontraproduktiv. Mir mussen elo erëm léieren, de Kranken ze behandelen an net d'Krankheet, d'Persoun net hannert der Populatioun ze verstoppen an d'Statistik net mam Virus ze verwiesselen. Keng Korona, kee Corona ass nach ëmmer richteg, mä eist Liewen net ze coronariséieren ass grad esou wichteg.