D’Zäit, an där mer liewen, kann Angscht maachen. An d’Fro, no deem, wat kënnt, och. Mä Angscht ass kee gudde Beroder, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

Carte Blanche: Michèle Schilt

Wéi den 23. Mäerz 2020 an der Chamber den Etat de crise gestëmmt gouf, haten déi eng “ziddereg Knéien” an deenen aneren “ass et kal de Réck erof gelaf”. An dat zu Recht. E Gesetz, dat bis op Weideres elementar Grondrechter wéi Versammlungs- oder Mobilitéitsfräiheet ausser Kraaft setzt a virun allem och der Regierung erlaabt, ouni Consultatioun vum Parlament Mesuren ëmzesetzen (wann och zäitlech begrenzt) – do kann ee scho mol Angscht hunn!

Angscht als gesonde Reflex

Angscht ass jo mol fir d’éischt e gesonde Reflex. Ouni Angscht hätt den homo sapiens héchstwarscheinlech net bis haut iwwerlieft. An eng gesond Dosis Angscht huet wuel och matgespillt, datt de Gros vun de Leit sech zu Lëtzebuerg un d’Consignë gehalen huet, wat mécht, datt eis Spideeler net iwwerlaascht waren. Zil erreecht deemno.

Covid-, Wirtschafts-, Klima-Kris

Iergendwann an de leschte Wochen hat ech e Bild geschéckt kritt, wou een en Taucher gesinn huet, deen der Uewerfläch vum Waasser entgéint schwëmmt. Ënnert him, mat der Maul wäit op, schwëmmt en Hai, op deem “Covid-Kris” stoung. Ënnert deem koum ee méi décken Hai op deem “Wirtschafts-Kris” geschriwwe war an ënnert deem koum e risegt Véi mat der Opschrëft “Klima-Kris”. Ze fäerte gëtt et tatsächlech genuch!

Zeréck bei dat, wat war, ass keng Léisung

Mä Angscht schäerft net de Bléck fir dat Mëttel- oder Laangfristegt. Et reagéiert een am Affekt. Dobäi gëllt et grad elo op dat Mëttel- a Laangfristegt ze kucken an eben net aus engem Reflex eraus zréckzegoen bei dat, wat war. Net erëm einfach sou weider ze fuere wéi virun der Kris. Datt een zréck an d’ Vergaangenheet wëll, ass verständlech, well dat kennt een. An der Zukunft si mer all entweder al oder dout. Mä an der Vergaangenheet war nach laang net alles gutt! Dat huet déi hei Zäit jo gewisen: Bildungsongerechtegkeeten, Produktiounsofhängegkeeten, brécheg Solidaritéiten tëscht europäesche Länner an an an... Et wär eng verpasste Geleeënheet, elo net Weichen ze stelle fir en anert Liewen. Mä dofir däerf ee keng Angscht hunn.

Géint d’Angscht ugoen

Keng Angscht hunn, al Gewunnechten opzeginn! Dat gëllt fir all Mënsch op all Niveau. Dat gëllt fir den Eenzelen, dee sech froe kann, wourop en an Zukunft verzichte wëll. Dat gëllt och fir di Responsabel aus der Wirtschaft, déi sécher déi eng oder aner onschéin Ugewunnecht kéinten ofleeën, op onverhältnesméisseg Gehälter verzichten zum Beispill. Dat gëllt fir d’Press, déi – sou wéi se dat scho mécht - louche Aktiounen opdeckt a Propaganda entlarvt.

An dat gëllt virun allem och fir d’Politikerinnen a d’Politiker, Regierung an Oppositioun confondus: keng Angscht hunn, Moossnamen op den Dësch ze leeën, déi sécher wäerte kritiséiert ginn. Keng Angscht hunn, onpopulär do ze stoen, spréch déi nächst Walen ze verléieren. Keng Angscht hunn, all d’Leit ze bedeelegen, fir konstruktiv matzediskutéieren an och matzëentscheeden, op lokalem an op nationalem Niveau an dofir déi néideg Strukturen an d’Liewen ze ruffen, respektiv bestoender ze stäerken. Ech denken do un d’Gemengekommissiounen, reegelméisseg Consultatiounen, Biergerparlamenter oder Änleches. Op där anerer Säit solle Kanner, Jonker an Aler keng Angscht hunn, Kritik auszeüben an hir Meenung ze soen, Rechenschaft ze froen a Matbestëmmung anzefuerderen an dat net nëmmen am Netz, mä och am 3D. Vläicht kann ee mol rëm an enger Gemengerotssitzung optauchen, eng Petitioun areechen oder engem Deputéierte schreiwen. Et soll ee keng Angscht hunn, d’Äerm eropzestrëppen a matzegestalten. Eng Demokratie ass net nëmmen eng Staatsform, si gëtt virun allem gelieft. An do ass jidderee gefrot. Dofir muss finalement jidderee fir sech d’Angscht bekämpfen. All Dag, ëmmer erëm... #nofear!