Zënter e Freideg däerfen zu Lëtzebuerg nees ëffentlech Gottesdéngschter mat Leit ofgehale ginn. Dozou eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Uff, endlech kënne Leit nees mat Läif a Séil an hire Gottesdéngscht goe – wann déi néideg sanitär Regelen, selbstverständlech, agehal ginn. An dat nodeems zënter Woche schonn ëffentlech Gottesdéngschter a villen EU-Länner zougelooss waren: an Däitschland, Éisträich, Italien, Spuenien, Tschechie, Slowakei, Ungarn, Polen asf. Sougur am laizistesche Frankräich säit zeng Deeg, well do d’Institutioune vun der neutraler Republik sech fir d’Mënscherecht Reliounsfräiheet agesat an der Regierung an der Reliounsfro Bee gemat haten.

Heizulands war et an der lescht net méi nozevollzéien, dass een zënter bal engem Mount déisäit der Musel konnt an d’Mass goen an et dës Säit verbuede war.

Lëtzebuerg gehéiert am Opgoe vun de Culte net zur Avant-Garde, obwuel mer jo soss nawell gär mat der Nues virbäi sinn! Hei si mer éischter am Schlusspeloton. Ass dat wierklech nëmme, well mir méi virsiichteg si wéi aner Länner, oder – geblimmelt gesot – méi kathoulesch wéi de Poopst?

Et geet hei jo ëm eng ganz sensibel Matière. D’Reliounsfräiheet gëtt vun alle Mënscherechtserklärungen als fundamentalt Grondrecht unerkannt. Et beréiert déi déifste Schichten, déi intimst Iwwerzeegunge vum Mënsch a wéi se sech äusseren. E Mënscherecht, an dat, sauf exception (an d’Corona-Kris war sécher eng) kee Staat sech aschränkend anzemëschen huet.

A Relioun ass jo net nëmmen eng Saach vun Iwwerzeegungen, mä och vu Praxis a villfach vu gemeinschaftlecher Praxis. Duefir beanspruche Reliounen zu Recht Kultusfräiheet als een Deel vun der Reliounsfräiheet. Endlech kënnen se hiert tipescht Existenzrecht, wat sech op keen anert reduzéiere léisst a fir vill Mënschen en existenziellt Recht ass, nees an Usproch huelen. Besser spéit wéi ni!

Georges Hellinghausen