De Covid-19 ass en neie Virus, dee mutéiert. Dee vun engem Déier op e Mënsch iwwerdroe gouf. Dat ass näischt Neits. Vill Krankheeten, déi sougenannt Zoonosen, gi vun Déieren op Mënsche weidergereecht.

Carte Blanche vum Robert Goebbels

Regional Epidemien oder weltwäit Pandemië gëtt et zanter et Mënschen an Déiere gëtt. An de leschten 2.000 Joer gouf et mindestens 30 Pescht-Epidemien. Am 14. Joerhonnert ass warscheinlech d’Hallschent vun der europäescher Bevëlkerung duerch de "schwaarzen Doud" gestuerwen. No Weltkrich I huet d'"spuenesch Gripp", déi a Wierklechkeet aus den USA koum, méi Doudeger kascht ewéi de Krich.

Elleng déi lescht honnert Joer huet d’Mënschheet Dosende vu viralen a bakterielle Krankheeten iwwerlieft. All Grippewell kënnt duerch e Virus, dee mutéiert. Dofir mussen d’Impfstoffer reegelméisseg ugepasst ginn.

Gëtt et emol en Impfstoff géint de Covid-19, muss och dee stänneg ugepasst ginn. Dreiwend Kaaft an der Natur bleift d’Evolutioun. Déi Milliarde Bakterien a Viren, déi an allem sinn, verännere sech.

Trotzdeem gëtt et elo Matmënschen, déi d'Covid-Kris notzen, fir hir al Theorien opzewiermen.

Verschidde Veganer behaapten, de Virus géif sech duerch d’Massendéierenhaltung propagéieren. Dofir soll ee kee Fleesch méi iessen. An Indien sinn och vill Vegetarier gestuerwen.

Fir Ëmweltschützer entwéckelt sech den neie Virus, well de Mënsch d’Natur an d’Bio-Diversitéit géif zeréckdrängen. Vire bleiwen net an engem "geschützte Biotop". Vire sinn einfach iwwerall. Eleng e Liter Mier-Waasser ka bis zu 100 Milliarde Viren enthalen. Vire si winzegst Proteinnen, déi sech ausserhalb enger lieweger Zell inaktiv verhalen.

Den Nobel-Präisträger Peter Medawar huet ënner den Honnertdausende bekannte Viren der 586 identifizéiert, déi Säugedéiere krank maachen. Wouvun der 263 och de Mënsch befale kënnen.

Mir wäerten also weiderhi mat Vire liewe mussen. Virsiicht, a virun allem Hygiène bleiwen noutwendeg. Mä mir däerfen ons net geckeg maache loossen duerch all déi Endzeitpropheten, déi sech bei alle Krise viral entwéckelen.