De 17. Dezember 1957 krut den Albert Camus de Literaturnobelpräis zu Stockholm iwwerreecht. E Mount duerno schreift e sengem Schoulmeeschter, dem Monsieur Louis Germain, fir ëm Merci ze soen. Eng Carte Blanche vum Gilbert Pregno, Psycholog a President vun der Mënscherechtskommissioun.

Carte Blanche vum Gilbert Pregno

« Cher Monsieur Germain Sans vous, sans cette main affectueuse que vous avez tendue au petit enfant pauvre que j'étais, sans votre enseignement, et votre exemple, rien de tout cela ne serait arrivé. »

(“Léiwen Här Germain,

Ouni iech, ouni di léif Hand déi der dem klengen aarme Kand gereecht huet, ouni dat wat der mech geléiert huet, an ouni dat Beispill, dat der waart, hätt ech dee Preis net kritt. “)

Den Albert Camus ass 1913 gebuer, koum aus enger aarmer Famill, déi an engem aarmséilege Quartier zu Alger gelieft huet. Säi Pap kënnt am Krich ëm, wéi den Albert 1 Joer al ass: et waren d’Bomi an seng Mam, déi sech ëm hien a säi Brudder gekëmmert hunn. D’Mam konnt net liesen an net schreiwen, war schwéier héiergeschiedegt a fir sech mat engem auszetauschen, huet se misse vun de Lëpse liesen. Wann de Schoulmeeschter net mam Camus senger Mam a Groussmamm geschwat hätt, da wier hien net op d’Uni gaangen.

Et ass schwéier nozevollzéien, wéi et méiglech war, dass hien esou en engagéierte Philosoph a Literat ginn ass.

Wann mer haut esou eng Situatioun hätten, da läit et no unzehuelen, dass en Erzéier, Psycholog oder Sozialaarbechter e Bréif op d’Gericht geschriwwen hätt. Spéider hätt den Albert missen Tester maachen, net nëmmen eemol, ma e puermol. Et hätte vill Versammlunge stattfonnt, et wier en decken Dossier ugeluecht ginn. D’Mam an d’Groussmamm wieren ageluede ginn an hätten dann a Reunioune sëllege Leit begéingt, wou se kee gënschtegt Bild ofginn hätten: Aarmut, Behënnerung, schlecht Ëmfeld, alles schiedegend fir den Albert.

Vill vun de Jonke liewen och hei zu Lëtzebuerg an engem net kannergerechten Ëmfeld, dacks mat Elteren, déi aner Prioritéiten hunn ewéi d’Erzéiung vun de Kanner.

Wei heescht et esou schéin: Kanner brauche Wuerzelen a Flilleken. Et vergësst een, dass en se fir d’éischt Wuerzele mussen entwéckelen, a wann déi do sinn, kënne Flilleken sech entfalen. Ouni Wuerzele fléien d’Kanner net wäit. Besonnesch dat Wëssen ëm d’Bedürfnisser vu klenge Kanner gëtt vernoléissegt an da wonnert een sech duerno dass et ëmmer méi Kanner ginn, deenen et net gutt geet am Liewen. Déi Problemer besti meeschtens schonns frei, weise sech an der Schoul, wou se nach kënne verstäerkt ginn.

Et feelt dat Wëssen a Bewosstsinn ëm déi Roll vun engem Schoulmeeschter wéi dem Louis Germain, d'Léierpersounen an d'Erzéier, déi all stëll Miterzieher bei de Kanner sinn. Dobäi kënnt och nach dacks, dass an eisen Ariichtungen d’Bürokratie esou eng grouss Roll spillt.

An dat fannen ech richteg schued. Duerfir widmen ech dëse Kommentar deene Leit, déi duerch hire Beruff am Alldag mat Kanner a Kontakt sinn. Si beaflossen nohalteg d’Entwécklung vun deene Jonken. An déi wichteg Aufgab sollen se net opginn. Kanner brauchen dat méi ewéi jee.