A senger Carte blanche schwätzt de Jean Huss iwwer déi sanitär a sozial Folgekäschte vum Confinement.

Carte Blanche vum Jean Huss

Léif Nolauschterer an Nolauschterinnen,

Wann elo hoffentlech geschwënn d’Covid-19-Pandemie hei am Land wäert lues a lues op en Enn goen, wäert eise Bléck sech natierlech mussen op déi sanitär a sozial Folgekäschte vum Confinement riichten, wéi zum Beispill Depressiounen, Angscht- oder Panikattacken oder och d’Konsequenze vun iwwergaangenen a wärend der Pandemie net behandelte Krankheeten.

Nodeems de Gesondheetsministère an d’Regierung d’Corona-Kris relativ gutt gemanagt a relativ erfollegräich agedämmt kruten, missten elo national wéi international definitiv déi richteg Konsequenze gezu ginn, baséierend:

  1. Op enger déifgräifender Analys vun den Haaptursaachen, déi zu der Ausléisung vun dëser Pandemie gefouert hunn. Stéchwierder dozou: ëmmer méi globaliséiert a reng profitorientéiert industriell Produktiouns- a Liwwerketten, ëmmer méi récksiichtslos Zerstéierung vun Natur, Biodiversitéit an dem  natierleche Liewensraum vu Wëlldéieren. En ëmmer méi skandaléisen Ëmgang mat dësen Déieren an och den Notzdéieren op Déieremäert an exoteschen Déierefarmen an industriell Massendéierenhaltungen a Schluechthaiser.
An

  1. Misst och déi explosiounsaarteg Verbreedung vum Virus duerch Globaliséierung, Massentourismus, Fluchverkéier oder Kräizfaartschëffer zu engem seriöen Iwwerdenke vun deelweis iwwerdriwwene Rees- an Transportgewunnechte féieren, grad och ugesiichts vun de Gefore vum Klimawandel, déi op eis zoukommen.
Léif Nolauschterer an Nolauschterinnen,

Esou wéi bei dëser Covid-19-Pandemie ganz kloer och sozial an ëmweltbedéngten Ursaachen eng gréisser Roll spillen, esou ass et donieft och mat villen anere chronesch Krankheeten an Ëmweltkrankheeten, déi an deene leschten 20 Joer ëmmer méi zougeholl hunn an och scho Kanner ëmmer méi belaaschten: Allergien, Autoimmunitéit, Kriibs, Diabetis, Häerz- an Otemproblemer an och méi speziell Ëmwelt-Krankheete wéi Chemikalien- oder Elektro-Empfindlechkeet, Fibromyalgie, chronesch Erschöpfung, ADHS, Autismus an esou virun.

An dofir erlaben ech mer, am Numm vun Akut, de Gesondheetsministère an d’Regierung  un de Regierungsprogramm a Saache Präventioun vun Ëmwelt- a Gesondheetsrisiken z’erënneren, un déi virgesinnen ëmweltmedezinesch Weiderbildungs-, Diagnostik- an Therapierprogrammer, an och un déi beim Südspidol geplangten ëmweltmedezinesch Klinikunitéit.

Akut war an ass konstruktiv a kompetent bereet, bei der Realisatioun vun esou engem fortschrëttlechen Ëmweltmedezinkonzept matzeschaffen.

Jean Huss
Präsident vun Akut asbl