Innovatioun, Flexibilitéit, Agilitéit a Risikobereetschaft sinn allgemeng Basiskompetenze vun Entrepreneuren an Independanten.

Carte Blanche Carlo Thelen

Genee dës Eegenschafte waren ausschlaggebend, jo souguer systemrelevant, fir dass d’Betriber konnten d’Wirtschaft oprecht erhalen, wéi viru ronn 3 Méint den Etat de crise ausgeruff gouf. Ech denke beispillsweis un d’Oprechterhale vu Liwwerketten, vun den elementaren Noutversuergunge vu Liewensmëttel, Energie, asw... Oder och d‘Entwécklung vun digitale Léisungen, déi eng breet Organisatioun vum Teletravail méiglech gemaach hunn. Oder och nach un déi Entrepreneuren, déi ganz séier reagéiert hunn, fir hir Produktioun op d’sanitär Moossnamen an nei Besoinen unzepassen.

A senger Definitioun bedeit systemrelevant, dass eppes entscheedend fir de Fortbestand vun engem bestëmmte System ass. An d’Entrepreneure si Mënschen, déi duerch hir Risikobereetschaft a mat hiren innovativen Iddien um Ursprong vun der Wäertschöpfung an eiser Wirtschaft sinn. Si sinn also systemrelevant, well si d’Gesellschaft no vir bréngen, a gudden Zäiten, a Krisenzäiten an och elo wärend der Relance.

En Entrepreneur zeechent Iddien op a setzt se a Realitéit ëm. Dobäi schaaft hie wirtschaftlech Substanz, nei Produkter oder Servicer, nei Aarbechtsplazen, investéiert a bezilt Steieren. Dobäi hëlt hien awer och de finanziellen a soziale Risiko op sech.

Als Entrepreneur léisst ee sech munchmol op eng Aventure an, déi flott ka sinn, mee déi och ka schif ausgoen. Den Entreprenariat huet net nëmme schéi Säiten​ a féiert och munchmol zu déiwe Frustratiounen, well d’Ëmfeld net ëmmer ënnerstëtzend ass, an zum Beispill den administrativen Opwand nach ëmmer grouss bleift. Wann dann nach eng Kris wéi dës derbäi kennt, da sti ganz Existenzen um Spill. An de leeschte Woche sinn effektiv verschidden Entrepreneuren oder Independanten duerch all Hëllefsnetz gefall. Hei gëllt et elo de jonke Leit, déi selwer eng gutt Iddi hunn a motivéiert sinn, fir sech an d’Betribsgrënnung ze lancéieren, weider Courage ze maachen, trei nom Motto "Trau Dech!".

Fir eng kleng an oppe Wirtschaft wéi Lëtzebuerg, déi dauernd innovativ, diversifizéiert a wettbewerbsfäeg bleiwe muss, ass eng positiv Unternehmenskultur an ee stimulant Ëmfeld fir d’Grënnung vu Betriber systemrelevant. Dofir ass et grad an dëser Relance- an Neistart-Zäit wichteg, dass d’Entreprenariat weider massiv ënnerstëtzt gëtt. Et wier Schued, wann duerch dës Kris all déi Efforten, déi vun ëffentlechen a privaten Acteure gemaach goufen, fir den Esprit d’entreprise ze fërderen, net hir Friichten droe kéinten.