Kee Volleksfest, kee Freedefeier, keen Tedeum. Onsen nationale Feierdag fält an eng komesch Zäit, an där mer ons als Natioun haut sécher méi Gedanken iwwert Zukunft maachen, wei déi Jore virdrunner. Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog am Centre Jean 23.

Carte Blanche vum Paul Estgen

National Feierdag ass jo d’Fest vun der Onofhängegkeet vun onsem Lëtzebuerg Land. Wei heescht et sou schéin an onser Nationalhymn, der Heemecht: "Looss viru blécken d'Fräiheetssonn, déi mir sou laang gesinn!" Mir feieren, dass mer eng Natioun sinn, déi fräi ass, déi selwer ka bestëmmen, wéi se hir Zukunft wëllt gestallten, déi souverän seng Geschicht schreift.

An enger däitscher Zeitung, an där ech den Auteur net méi erëmfonnt hunn, stoung folgende Saz : Ni ware mer als Mënschen an onser Gesellschaft sou fräi wéi elo, mä ni ware mer och sou ofhängeg ee vun deem aneren.

De Covid-19 huet ons dat mat aller Häert gewisen, wei fräi mer sinn an enger globaliséierter Welt. E groussen Deel vun onser Wirtschaft schafft fir de Weltmaart, an als Consommateure bedénge mer ons am globale Supermarché. Wei se a China ugefaangen hunn ze houschten, ass d’ganz Maschinn un d'Stocke komm. Onofhängeg si mer am politesche Sënn, mä sécher net am wirtschaftlech Beräich. Wärend dem Confinement ass ville vun ons bewosst ginn, wat mer wierklech brauchen a wat just iwwerflësseg Consommatioun ass.

De "Restart" vun onser Gesellschaft, deen ee sécherlech muss an engem europäesche Kader gesinn, ass natierlech de Moment, fir sech och déi politesch Fro vun onser Onofhängegkeet ze stellen. Natierlech wäerte mir an Zukunft net alles um lokale Plang organiséieren a produzéieren. En Handy ass e Produit fir d’Welt, mä dass ons Agrikultur fir de Weltmaart produzéiert, ass eng Aberratioun.

Am politeschen Discours héiert ee kaum nei Iddien. Et geet drëms, déi Welt vu gëschter ze retten. Dofir muss elo de Bierger animéieren, noutfalls mat allméigleche Primmen, fir ze consomméieren. Ob en dat wëll oder brauch ass egal. Muss ech mer dann elo en neien Auto kafen, zwou Vakanze buchen a mam Fliger op Shoppingtour goen, fir géint sozialen Ofstig ze kämpfen?

Et ass elo Zäit, fir en Choix ze maachen, a wéi enger Gesellschaft mer muer wëlle liewen. Mir mussen doriwwer diskutéieren, ob mer wëlle weiderfueren, andeems mer de Gewënn vun der Produktivitéit wëlle weiderhin an d’Consommatioun stiechen, och wa mer wëssen, dass de Ressourcëverbrauch ons direkt an déi nächst Katastroph féiert. Oder hätte mer net vläicht besser, iwwert Liewesqualitéit a Fräiheet ze verhandelen? Aarbechtszäitverkierzung, en neie Modell vu Sozialstaat, deen net iwwert d’Besteierung vun der Aarbecht finanzéiert gëtt, eng gerecht Verdeelung vum Räichtum, spuersamen Ëmgang mat natierleche Ressourcë sinn Diskussiounspunkten, déi mer an Europa mussen ugoen.

Fir mech sinn dat d’Erausfuerderunge fir ons Onofhängegkeet als Natioun, als Lëtzebuerger Land, als Europa. Dat ass d’Aufgab vun onser Generatioun, fir dass ons Kanner och an Zukunft a Fräiheet kënne liewen.