Den Ament gëtt vill iwwert Rassismus an Diskriminéierung geschwat. Eng Debatt, déi och Lëtzebuerg betrëfft. Mee wéi eng Biller gi verbreet, besonnesch wann et ëm Mënsche geet, déi mat enger Strofdot a Verbindung gesat ginn? Bei Leit, déi sech net un d’Reegelen an eiser Gesellschaft gehalen hunn, gëtt dacks op hir Origine gepocht, eng Manéier, Rassismus a Prejugéen ervirzeruffen.

Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Dacks ernimmen oder liest een a Police-Communiquéen ewéi och an Artikelen an de Medien déi presüméiert Hierkonft vum Verdächtegen oder Täter. Nach kierzlech, war dëst Zitat ze liesen "Täter von südländischem Aussehen" oder "der Tatverdächtige mit algerischen Wurzeln". Wat heescht dat? Wat bréngt et? Wou ass do de Sënn an den Zweck dovun? Firwat dat südlännescht Ausgesinn, d’Hautfaarf ënnersträichen? De Lëtzebuerger vun haut ass dach duerch eng Hellewull Mëschunge gepräägt.

Wann et ëm e konkreten Zeienopruff geet, dann ass d'Ausgesi mat spezifesche Mierkmoler: Alter, Gréisst , Kleedung, Hautfaarf vu Bedeitung. Mä wat bréngt et, wann d’Persoun schonns identifizéiert gouf? Wann et jo just ëm eng Berichterstattung vun enger Strofdot geet. Do si Motiver an dat, wat geschitt, zentral, net d’Originne vun deenen, déi d’Strofdot begaangen hunn.

Wa mer duerch d’Medien esou ofwäertend Biller vermëttelen an dobäi Angschtgefiller unheizen, stäerke mer Prejugéen an Ofneigungen, ënnerstëtze mer d’Verbreedung vun Haass géintiwwer verschidde soziale Gruppen. Mënsche mat "südlänneschem oder afrikaneschem Ausgesinn", dorënner bestëmmt och genuch Lëtzebuerger, ginn als potentiell Gefor ofgestempelt, obwuel si näischt mat esou Strofdoten ze dinn hunn, awer de Pech hunn, änlech auszegesinn.

D’Agence vun de fundamentale Rechter aus der EU stellt fest, datt an de leschte 5 Joren 41% vun de Leit mat afrikaneschen Originne wéinst hirem Ausgesi vun der Police ugehale goufen. A Frankräich gëtt een 20 Mol éischter vun der Police kontrolléiert, wann een en afrikanescht oder arabescht Ausgesinn huet. Soll dat bei eis aneschters sinn? Ech zweiwelen drun. An och wann et kriminell a mafiéis Vereenegungen ënner Landsleit gëtt, dann däerf een d’Leit vu bestëmmte Länner net alleguer an een Dëppe geheien.

D’Europäesch Kolonialvergaangenheet sëtzt mat all hire Prejugéen déif an eisem Bewosstsinn. Noriichten iwwer Aarmut a Krich an der Welt verstäerken eise mat Virurteeler gefëllte Bléck op Mënschen, déi aus deene Géigende kommen. Dobäi hu vill vun dëse Konflikter mat eiser westlecher profit- a konsumorientéierter Liewensweis ze dinn.

Mir begéinen dëse Leit mat Distanz a Skepsis an zécken, hinnen ze vertrauen. Bei der Aarbechts- oder Wunnengssich kréie si dat ze spieren. Sie erliewen am Alldag Ofneigung an Diskriminatioun a fille sech ausgeschloss.

Et ass Zäit, datt mir dës Attitüden a Fro stellen. An de Schoulen, an de Medien ewéi an der Gesellschaft muss eng breet an oppen Diskussioun iwwer d’Diversitéit, de Respekt an d’Toleranz gefouert ginn. D'Politik muss d'Moyene bereetstellen, fir eng effikass an op Präventioun ausgeriichte Reaktioun op all Forme vun Diskriminatioun ze erméiglechen.

Et geet ëm d’Zesummeliewen an ëm den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft.