A ville Kommentaren an Artikele gëtt dofir plaidéiert, fir eis Gesellschaft an eis Ekonomie grad elo an en neien Zäitalter ze féieren. Ma ass dat esou einfach machbar? Dat freet sech de René Winkin, Direkter vun der FEDIL a senger Carte Blanche.

Carte Blanche vum René Winkin

Et heescht, en neien Zäitalter misst agelaut ginn:

• wou d'Globaliséierung an den internationalen Handel duerch regional Produktiounen ersat ginn,
• wou mer all manner schaffen a wann, dann am beschte vun doheem,
• wou Ëmweltschied esou niddreg bleiwe wéi wärend der Kris,
• a wou eis Ekonomië méi widderstandsfäeg ginn.

Vill vun deem, wat do opgelëscht ass, muss engem jo bal gefalen an et ass deemno och wënschenswäert, eng Rei vun deenen Ziler seriö ze verfollegen. Ma ass dat alles esou einfach, wéi et heiansdo kléngt?

De finanzielle Polster vu ville Betriber ass opgebraucht. Beim Staat a bei der Sozialversécherung huet eleng d'Indemniséiere vun der Inaktivitéit esou grouss Lächer gerappt, dass elo, no nëmmen engem Trimester, den Hiewel zolidd muss ëmgeluecht ginn. An engem Saz: « Déi roueg an ëmweltschounend lescht Méint mat sozialer Vollkasko sinn net ad eaternam reproduktibel ».

De Wee an een neie méi nohaltege Wirtschaftsmodell ass no der Kris wuel nach méi schwéier ginn, wéi et virdru schonn de Fall war. Mir stinn eigentlech och net wierklech virun engem Neiufank.

Et ass jo net esou, wéi wann eis wirtschaftlech Grondlag komplett zerstéiert wär a mer een zukünftege Model op engem wäisse Blat kënnen zeechnen, fir da bei Null unzefänken. D'Produkter, d'Technologien, d'Personal an hir Qualifikatioun d'Handelsreseaux, dat si gréisstendeels nach déi selwecht. An d'Mëttel, fir massiv eppes dodrun ze änneren, sinn dacks net méi do.

Wann de Vizepresident vun der EU-Kommissioun Frans Timmermans viru 6 Méint nach domat gerechent hat, dass hien an de nächsten 10 Joer 1.000 Milliarden Euro spezifesch fir de "Green Deal" mobiliséiert kritt, sou gëtt elo mol ënner Staats- a Regierungscheffe probéiert, 750 Milliarde fir déi europäesch Gesamtekonomie opzedreiwen, déi een da well hiewelen. Ma déi Budgete brauche vill Länner, fir Lächer ze stoppen, deemno géife se nëmme wéineg cibléiert op Zukunftsprojete.

Bei eidele Staatskeese brauche mir awer effizient an zukunftsorientéiert ëffentlech Programmer, déi privat Investitiounsbudgete mat mobiliséieren an déi ee staarke Fokus leeën op Digitaliséierung an op d'Energietransitioun. Fir hirer Finalitéit vu wirtschaftlecher Relance gerecht ze ginn, mussen déi Anti-Krise-Programmer elo direkt gräifen. Direkt, fir dass se kontrazyklesch, stabiliséierend wierken an net duerno prozyklesch Problemer schafen. Eng grouss Erausfuerderung fir eise komplizéierte Geneemegungsapparat, wann ee bedenkt, wéi extrem lues dee streckeweis ginn ass.

Soll de politeschen Interventionismus souwäit goen, fir dass déi Entwécklung raus aus der Kris da méi lokal amplaz global gëtt? Do, wou et rentabel oder strategesch wichteg ass, sollt ee schonn de Kader schafen, fir dass nees méi Industrie hei ka funktionéieren a fir dass déi Industrie och feste Bestanddeel gëtt vum Klima-, Zirklularitéits - an Digitalagenda. Dofir muss een awer net direkt Nordkorea imitéieren. D'Innovatiouns- an Investitiounskraaft vun eise Betriber an d'Kafkraaft vun de Leit brauchen och weiderhi fräie Wueren- an Déngschtleeschtungsverkéier. A wann ee bedenkt, wéi krisenirresistent den EU-Bannemaart nach ass, da sollte mer dovun ofgesinn d'Handelsbezéiunge mat onsen Net-EU-Partner liichtfankeg op d'Spill ze setzen.

Mir brauchen onbedéngt nei Ambitiounen. Et hëlleft, wann ee seng Mëttel a Grenze kennt, fir se ze realiséieren.