Géisskan (aplaz Stränz), Stellschrauwen oder och nach am däitsche Sproochraum “Blaupause“, sinn Ausdréck déi a leschter Zäit ëmmer méi oft gebraucht ginn, esou oft, datt se verschiddene Leit deck op d’Strëmp ginn. De Paul Hammelmann huet a senger Carte Blanche eng Hitparade vun deene Wieder opgestallt, déi bei him dës Gefiller ausléisen.

An dëser Hitparade steet fir mech, nieft dem Covid 19 natierlech, dat Wuert „Grand Bigard“ un 1. Plaz, den Numm vun där Gemeng um westleche „Ring“ vu Bréissel, wou ëmmer, awer och ëmmer en impressionnante Stau stattfënnt.

Dës ongewinnten Klassifikatioun ass awer exklusiv dem Ëmstand vun enger Rees op d’belsch Plage ze verdanken, ganz am Sënn vum Serge Tonnar senger Ideologie „Äddi a bon voyage… leckt mech dach all am …“ naja, dir wësst jo wéi et weider geet.

Direkt duerno kommen dann d'Nimm vun de politesche Kotzbrocken, déi mer all Dag mat negativen Schlagzeilen an der Press zerwéiert kréien, à la Trump, Bolsonaro, Salvini an aner Idi Amin Dada, fir just d’Spëtzt vum Äisbierg ze zitéieren.

An dann si mer awer och schonn bei der neoliberaler Rhetorik, déi trotz engem erhofften Ëmdenken duerch Coronakris, nach ëmmer hiert Onwiesen dreift.

Dat sinn dann esou nonsense Wierder am beschten „Pidgin English“, wéi „rebooter“ oder „brainstormer“ oder „CEO“, CEO wéi den Generaldirekter vun enger Lëtzebuerger Baueregenossenschaft (!) an enger Héichglanzbrochure vernannt gouf.

„Schengen is alive“, sou haten Randgemengen aus dëser Géigend am Abrëll eng Campagne genannt fir op déi iwwerdriwwen Grenzkontrollen mat Däitschland opmierksam ze maachen.

Et däerf een sech allerdéngs froen firwat des duerchaus legitim Initiativ dann huet mussen op Englesch sinn, well jo eigentlech keen engleschsproochegt Land zum Schengen-Raum gehéiert?

Wier et net méi nëtzlech gewiescht, dee Slogan an deene Sproochen ze gebrauchen déi an dësem Raum geschwat ginn, och fir zäitgläich op een vun de gréissten Atoute vun Lëtzebuerg hinzeweisen, eisen Multilinguismus?

Mee hei wäert sech erem d’Ideologie vun de consultant‘s duerchgesat hunn, déi sougenannten „Big 4“, deenen hir Existenzberechtegung jo doran besteet – an dat huet de Romain Hilgert am „Land“ wonnerbar erkläert – fir jonk, schlechtbezuelte Mataarbechter déi nach ni e Schraufstack oder e Sechskantschlëssel gesinn hunn, an eng Firma ze schécken, fir duerno a fir en Heedegeld, dem „management“ via „powerpoint“ ze erklären wéi een esou en Schraufstack oder Sechskantschlëssel kann asetzen an awer Leit entloossen.

Dobäi huet eis jo de Waringo-Rapport gewisen datt een eenzegen, kompetenten an engagéierten Fonktionär e Betrib kann reforméieren an dat och nach gratis!

Och an der Kultur hunn déi grouss 4 hir Rolexbehaangen Hänn ewell am Spill: Firwat stéing soss virun all kultureller Institutioun, wéi der Philharmonie z.B. eng Protzkarross virum Gebai a firwat muss e programméierte Fiasko wéi d’Kulturhaaptstad Esch 2022 sech elo vun engem consultant berode loossen fir extern Sponsoren ze fannen?

Wat ass dat e Genoss, fir esou e Site wéi de „pont du Gard“ bei Nîmes ze besichen: do fënnt ee Kultur pur a kee Parasol dee Reklamm fir e Frisko mécht.