Wa mer gären elo scho fir d’Zäit no Corona eng besser Zukunft fir alleguer an d’Weeër leeden, da musse mer eis de Realitéite stellen, fir kënnen déi néideg Verännerungen op de Wee ze bréngen, seet a senger Carte Blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Robert Urbé

Dem Corona misste mir mat Transparenz, Kommunikatioun, Realismus an Éierlechkeet entgéint trieden. Déi sinn allerdéngs an der Lescht e bëssen ze kuerz komm.

Et bréngt näischt, wann ee sech an déi eegen Täsch litt a behaapt, den Homeschooling hätte mer gutt bewältegt. Mir wëssen all, datt déi Situatioun net fir jiddereen déi selwecht war, datt verschidde Kanner méi wäit zréck gefale sinn, wéi se virdru scho waren. Dofir sollte mer kloer agesinn, datt hei eng gewalteg Aufgab op eis waart, an déi néideg Mesuren ergräifen. Fir eng besser Zukunft fir alleguer an d’Weeër ze leeden.

Et hëlleft och näischt, drop hinzeweisen, datt d’Statistiken nach näischt iwwert e Klamme vun der Gewalt am Stot soen. Mir wëssen aus dem Ausland, an och aus änleche Situatiounen, datt déi Gefor do ass, a mir wëssen och vu verschidde Servicer, datt si scho méi sollicitéiert gi sinn. Kommt, mir setzen eis mat allen Acteure ronderëm en Dësch a schaffen ee Plang aus, wéi een dorop kann äntweren. Fir eng besser Zukunft fir alleguer an d’Weeër ze leeden.

Genau sou wéineg ass gehollef, wa mer behaapten, d’Lëtzebuerger géife sech verantwortungsvoll behuelen, wa mer lo sou maachen, wéi wann d’Liewe rëm “normal” wier. Wann iwwer de Weekend d’Zuel vun den Infizéierte bal ëm 100 an d’Luucht goung, wann an der Apdikt d’Personal d’Mask nëmmen iwwer de Mond oder souguer um Kënn dréit, wann am Restaurant weder de Patron nach seng Leit, déi d’Iessen aus der Kiche bréngen, nach d’Gäscht, déi op d’Toilette ginn, eng Mask undinn, wa Studente sech an der Zeitung veréiwegen, wéi se am Grupp an ouni Mask hir Première feieren, wa fir Nationalfeierdag ee Schäfferot gemeinsam eng Gerbe néierleet, ouni datt een eng Mask dréit an ouni iergendeen Ofstand, wann a wann a wann.... Da musse mer eis agestoen, datt mer ze wäit gaange sinn, datt et net drëms geet, elo no méi Fräiheet ze ruffen. D’Fräiheet vun deem engen héiert ëmmer, an dat ass net nei, do op, wou d’Fräiheet an d’Liewe vun deem aneren ufänkt. Loosse mer och hei déi néideg Géigesteieren op de Wee bréngen. Fir eng besser Zukunft fir alleguer an d’Weeër ze leeden.

Ville Länner geet et méi schlecht wéi eis. Déi eng hunn net sou gutt Viraussetzunge gehat, anerer (net an Europa) si mat enger Regierung gehäit, déi net sou gutt a séier reagéiert huet wéi eis. Och dat musse mer eis agestoen, an déi néideg Ännerungen am Welthandel an an der Entwécklungspolitik an d’Weeër leeden, statt ëmmer eise perséinleche Virdeel an d’Fënster ze stellen. Och hei gëllt et, eng besser Zukunft fir alleguer an d’Weeër ze leeden.

Manner Individualismus, méi Solidaritéit: dat ass d’Léisung.