Mir sinn an enger genereller Kris ukomm, mir wëssen awer net, ob mer just am Ufank, an der Mëtt oder bal um Enn sinn.

Aus der sanitärer Kris, der Corona-Kris, ass eng Wirtschaftskris ginn, a mir mussen oppassen, dass mer net och eng grouss sozial Kris kréien an eventuell virun enger neier Finanzkris stinn. D'Resilienz an d'Robustheet kéinten zwee Schlësselelementer sinn, déi an Zukunft den Effet vun esou sanitäre Krisen offiedere kéinten.

Carte blanche vum Marc Hostert

2 Beispiller, wéi mer eis an Zukunft anescht opstelle kennen

Vill vun eise Betriber hunn den Ament grouss Problemer hier Liquiditéit an dëser schwéierer Situatioun oprecht z'erhalen. Eng Léier aus dëser Kris ass sécherlech déi, dass mer eis Betriber an Zukunft fir esou Pandemie musse méi robust maachen. Dës Kris ass den Experten no eng éischt Pandemie an nach anerer kéinten nokommen.

Dofir misst an noer Zukunft och de legale Kader, wat d'Reserve vun de Betriber ugeet, iwwerschafft ginn. Hautzedaags muss eng Gesellschaft 10% Reserve vun hirem Kapital bilden. Dat heescht 1.250€ bei enger Sàrl mam Minimum-Kapital vun 12.500€, dat ass net emol den Equivalent vun engem Mindestloun. Doriwwer eraus kéinte fräiwëlleg Reserve gebilt ginn, mee oft hunn d’Associéë léiwer de Gewënn ausbezuelt, wéi en an eng Reserve statutaire oder benevole ze bréngen.

E Student, deen a senger Garage eleng eng App entwéckelt mat engem Kapital vun 12.500€, muss sécherlech net vill Reserve bilden. Kapitalgesellschafte mat Personal missten dëst awer maachen. Dofir misst eng nei Gesetzgebung jee no Secteur vun der Aktivitéit a jee no Unzuel vu geschaaften Aarbechtsplazen differenzéieren, wéi vill mindestens Reserve gesetzlech virgeschriwwe sinn. Dëst am Sënn vun der Nohaltegkeet vun den Entreprisen, vun der Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen an der Ofsécherung vun den ëffentleche Finanzen.

Eng zweet Léier, déi mer aus dëser Kris mussen zeien, ass eng Äntwert op d'Fro ze fannen, wéi mer an Zukunft als de facto Metropole vun enger Groussregioun, déi ekonomesch a vun der Populatioun hier den Equivalent vun där schwedescher ass, e sougenannten "Contrat social, environnemental et économique" mat eisen Nopeschlänner kenne bilden, fir dës héich integréiert europäesch Regioun ofzesécheren a weider ze entwéckelen, deemno méi resilient ze maachen.

Der géigesäiteg Ofhängegkeet, wéi zum Beispill um Aarbechtsmaart, bei der Ausbildung, am Gesondheetssecteur, beim Wunnen a Liewen an an der Mobilitéit, misst esou e Kontrakt Rechnung droen.

Mir musse verhënneren, dass bei enger zukünfteger Kris Grenzen tëschent Partner kennen zougemaach ginn an dëst um Réck vun der Populatioun vun der ganzer Regioun.

Dëst sinn nëmmen 2 Beispiller vu villen, wéi mer eis an Zukunft nei opstelle missten. Dës Kris ass och eng Chance Saachen ze verännere fir eng gemeinsam méi resilient a robust Zukunft.