Nëmmen dat wat ee kennt a gär huet, ass een och bereet ze schützen. Dofir ass et wichteg sech Zäit ze huelen, fir an der Natur d'Planzen an d'Déiere mat alle Sënner ze erfaassen. D'Schoul huet déi wichteg Missioun, fir d’Kanner fir d'Natur ze sensibiliséieren. Awer och d'Eltere sinn, besonnesch lo an der Vakanz, dozou opgeruff. Dozou eng Carte Blanche vum Francis Schartz, pensionéierte Biosprofesser a Lycéesdirekter.

D'Carte blanche vum Francis Schartz am Audio

Vakanz heiheem ass jo ee Slogan, deen a Corona-Zäiten populär ginn ass. Sech kierperlech an der frëscher Loft, wäit ewech vum Kaméidi, ee bësschen unzestrengen a keng aner Verflichtung ze hunn, wéi ee Fouss virun deen aneren ze setzen, ass eleng schonn eng echt Erhuelung. Wann een et dann nach fäerdeg bréngt, net nëmmen duerch d'Natur ze lafen, mä sech Zäit ze huelen, fir d'Ëmwelt mat alle Sënner ze erfaassen, dann huet een nach méi ee grousse Gewënn.  
Bleift mol stoen, maacht d'Aen zou a betaascht d'Schuel vu verschiddene Beem, béckt iech mol, fir den Doft vun de Blummen ze richen an erfreet iech un der grousser Villfalt vun de Formen a Faarwen vun de Planzen, déi dir bei méi genauem Hikucken entdeckt. Da fält et iech op, datt dir net déi eenzeg sidd, déi un de Blummen interesséiert sinn, mä eng ganz Rëtsch vu klengen Déiercher ronderëm krabbelen oder geflu kommen, fir un de Bléien ze naschelen.

Dir wäert gesinn, datt wann dir iech méi opmaacht an iech Zäit huelt, fir déi Liewewiesen, déi dir sou ënnerwee begéint, mol ze bemierken, ze bestaunen a kennen ze léieren, dir ëmmer méi Spaass a Freed domat kritt. Dat ass gutt fir eist ënnert Gläichgewiicht, et ass awer och wichteg fir d'Natur selwer: Leider hëlt d'Villfalt vun de Planzen an Déieren, also d'Biodiversitéit, dramatesch of. Dat huet dermat ze dinn, datt mir déi Liewewiesen, déi keen direkten Notzen fir eis hunn, net respektéieren. Datt dat vill ze kuerz geduecht ass, well an der Natur alles zesummenhänkt a mir Mënschen séier déck Problemer kréien, wann et an dësem System zu Stéierunge kënnt, wësse mir. Awer d'Wëssen eleng geet net duer, fir eist Verhalen ze bestëmmen. Dofir ass eis positiv Astellung zu den Déieren a Planzen sou wichteg. Nëmmen dat, wat ee kennt a gär huet, ass een och bereet ze schützen.

Natierlech musse mir och d'Kanner zur Natur hiféieren. Et ginn an där Hisiicht am ausserschoulesche Beräich vill Efforte gemaach, awer wéi ass et am normale Schoulunterrecht? Dëst soll och een Appell sinn un d'Léierpersonal, souvill wéi méiglech mat de Kanner an de Jugendlechen raus an d'Natur ze goen. Et ass awer och een Opruff un d'Ausbilder, dem Léierpersonal, den néidege Bagage dozou matzeginn.

An dir léif Elteren, profitéiert vun der Vakanz, fir är Kanner d'Natur erliewen ze loossen, sief dat heiheem oder am Ausland.