Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, gëtt en Abléck op d’Vulnerabilitéit vu schwéier kranke Kanner an engem Covid-19 Kontext.

Carte Blanche vum Anne Goeres

COVID-19. Et kann een et scho bal net méi héieren.

All Dag gëtt ee gewuer, wéi vill Neiinfektiounen et ginn, op nei Fäll an der Intensivstatioun leien an op rëm ee méi gestuerwen ass oder net. Ganz ewechkucke kann een awer och net, well et handelt sech em eng Weltkris, déi jiddereen treffe kann. Dëse Virus huet eis geleiert, wei schnell a wei laang een einfach esou kann ageschränkt ginn a senger Fräiheet, am Kontakt mat den Aneren, am Reesen, am Schaffen an nach Villes méi.

Mir all mussen oppassen, fir eis, mä virun allem fir déi méi vulnerabel Leit. Wie sinn déi Leit ? Oft gëtt vun eelere Leit geschwat, där hiren Immunsystem ganz geschwächt ass a fir déi esou eng Infektioun liewensbedreelech wär. Et sinn awer net nëmmen eeler Leit déi vulnerabel sinn, mä och Mënsche mat verschiddene schwéiere Pathologien an dorënner esouguer Kanner, déi keng Ofwierkräften hunn, wei zum Beispill kriibskrank Kanner.

Säit 4 Méint kämpfen déi Famillen, fir d’Unerkennung vun der Vulnerabilitéit vun hirem Kand. Heiansdo an der Schoul awer och an der Gesellschaft oder beim Patron op der Aarbecht. Fir esou Famillen ass et eleng nëmme stresseg, fir zum Beispill akafen ze goen, well se do gesinn, datt leider net jidderee gläichermoossen oppasst: entweder keng Loscht sech d’Hänn ze wäschen, de Mask hallef kromm op der Bëls hänken huet oder iwwert dee laacht, dee mat enger FPP2 Mask kënnt, ouni nozedenken, firwat.

Et ass net einfach an och net flott, fir op déi Aner musse mat opzepassen a fäerte muss, fir iergendwou hinzegoen. Zum Beispill hält de 15. Juli de speziellen "COVID-19 congé pour raisons familiales" op. Dee spezielle Congé huet et engem Elterendeel erlaabt doheem ze bleiwen, fir op seng Kanner opzepassen. Déi Eltere mussen elo zeréck op d’Aarbecht an trotzdeem kënne se hier Kanner nach net an eng Opfaangstruktur bréngen, well se einfach nach ze vill exposéiert wären, duerch hier grouss Vulnerabilitéit.

Vill Eltere vu vulnerabele Kanner waren erliichtert, fir kennen op den Teletravail zeréckzegräifen, fir esou de ganze Stot ze schützen, ouni opzehale mat schaffen – déi meescht grouss a kleng Betriber deconfineiere lues a lues komplett an et kënnt erëm jiddereen zeréck schaffen. D'Zäit gëtt laang, d’Leit si frou sech erëmzegesinn an d'"Gestes barrières“ wei se genannt ginn, sinn nëmmen nach hallef respektéiert. Oft sinn d’Betriber och iwwerfuerdert fir all déi Reegelen anzehalen a wëlle virun allem rëm dat d’Maschinn dréint.

Dat ass ganz verständlech, mä dobäi solle mer wierklech net déi Aller-Vulnerabelst vergiessen an an deem Sënn wënschen ech mer, datt jidderee viru säi Mask dréit, seng Hänn oft wäscht, an dobäi och un déi kleng, ganz vulnerabel Patienten an hier Famillen denkt, falls dat hëlleft.