Carte blanche vum Nora Back, Presidentin vun der Chambre des salariés a vum OGBL.

Bei deene wuessenden Zuelen un Infizéierte kann een déi wuessend Ongläichheeten an eisem Land vergiessen. Mee zënter Jore klammen zu Lëtzebuerg d’Inegalitéiten. Et gëtt vu ville Plazen ëmmer erëm drop higewisen.

De Constat ass mëttlerweil unerkannt a gëtt och weitestgehend net kontestéiert a gëtt als beonrouegend ugesinn, ausser vun e puer wéineg, déi zynesch mengen, et wier jo besser zu Lëtzebuerg als aarm ze gëllen wéi a Rumänien als räich. Sou léist ee keng Problemer !

Problemer, déi duerch d’Coronakris riskéieren verstäerkt ze sinn. Scho virun der Kris haten 30% vun den Menagen zu Lëtzebuerg Problemer fir Enn des Mounts d’Enner beieneenzekréien.

D’Zuele vun Caritas a Croix-Rouge weisen, dass méi Leit mussen op hir Hëllefsstrukturen zréckgräifen, wéi virun der Kris, Leit, déi bis lo net hu missen dorobber zréckgräifen.

Jo, et si wichteg a richteg Mesuren geholl ginn. Chômage partiel, Congé pour raisons familiales extraordinaire, Congé soutien familial, mee si all verhënneren net e Kafkraaftverloscht bei ville Menagen a si si schonns guer keng Stäerkung dovun, eng Stäerkung, déi lo, net nëmmen sozial gesinn, mee och ekonomesch gesinn sou wichteg wier.

Déi Leit, déi am Confinement Télétravail gemaach hunn, also hir voll Pai kritt hunn, waren iwwerduerchschnëttlech vill Leit mat méi héijem Niveau de formatioun, also mat méi enger héijer Pai. Si hunn also finanziell keng Aboussen gehat.

De Chômage klëmmt, virun allem bei deene Jonken. Chômeuren si mat am meeschten vum Aarmutsrisiko betraff. Duerfir ass et wichteg a richteg, de Chômage souwäit wéi méiglech ze verhënneren an d’Mesuren fir den Aarbechtsplazerhalt ze verbesseren. Do ginn et lo éischt zaghaft Mesuren, déi béi wäitem net duerginn.

Mee ouni ekonomesch Relance a Vertrauen vun den Entreprisen a vun de Menagen gëtt et schwéier. Vertraue schafe geet virun allem iwwert den Wee vun enger Kafkraaftstäerkung fir déi wirtschaftlech Relance ze stäerken. Do maache mer eppes fir di lokal Ekonomie, besonnesch fir d’Restauranten a fir dee klenge Commerce, déi am meeschten an der Kris gelidden hunn.

Och d’Locatairen si staark vum Aarmutsrisiko menacéiert, schonns virun der Kris. Hir Loyere bleiwe lo konstant, iwwerdeems dat bei hire Revenuen net onbedéngt de Fall ass. Hei brauch ee kee Genie ze sinn, fir sech d’Konsequenzen auszemolen. Eng weider Verbesserung vun der Loyersubventioun ass onerlässlech, en attendant dass d’Logementsproblematik zu Lëtzebuerg endlech mat seriöen an aschneidenden Moossnamen a Ugrëff geholl gëtt.

Menagen, déi och iwwerduerschnëttlech vun den Inegalitéite menacéiert sinn, si Menagen mat Kanner a spezifesch di Elengerzéiend. Hei gëtt et eng einfach Method, fir deem entgéintzewierken : d’Kannergeld upassen. 2014 gouf et en Accord tëschent der Regierung an de Gewerkschaften, dass dat soll gemaach ginn. Bis lo ass näischt geschitt, méi wéi 5 Joer duerno.

Mir kënnen lo net méi waarde bis kuerz virun de Walen, sou wéi dat am Koalitiounsprogramm steet. Am Moment huet d’Kannergeld schonns iwwer 20% u Wäert verluer. Mir brauchen direkt eng strukturell Erhéijung an duerno rëm di reegelméisseg Indexéierung. D’Zukunftskeess, déi d’Kannergeld ausbezuelt, muss sech endlech hiren Numm verdéngen!

Lëtzebuerg huet och mat den héchsten Aarmutsrisiko bei de Leit, déi schaffen. Si hunn eng Aarbecht a riskéieren trotzdeem an d’Aarmut ze falen. Dorënner dierfte sech vill Leit befannen, déi sech a sougenannten Métiers essentiels befannen : Caissièren a Caissieren, Botzpersonal, Gardienen. Vill goufen se gelueft, et gouf hinne geklatscht. Zu Recht. Mee duerfir kënne se sech näischt kafen.

Déi Wäertschätzung muss lo konkret ëmgesat ginn iwwert eng Valorisatioun vun deene Beruffer. Och duerch eng Unerkennung iwwert de Wee vun neien, unerkannten an diploméierten Formatiounen.

Lo ass et un der Politik Neel mat Käpp ze maachen an ze weisen, dass se d’Gewerkschaften am Kampf fir d’Unerkennung vun dëse Beruffer ënnerstëtzt an dat net nëmmen a Sonndesrieden.