A senger Carte blanche beschäftegt sech de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, mat e puer Themen aus dem Summerlach. Hie warnt an dësem Kontext virun „Trumpetisten“, déi deck Bake maachen a mat einfache Sloganen duerch d'Gaassen zéien.

Carte Blanche vum Marc Glesener

Räichesteier – Ierfschaftssteier – d’Saach mat de breede Schëlleren. D’Summerlach 2020 war gutt gefëllt mat populistesche Fuerderungen a Posten an de sozialen Netzwierker.

D’Spëtzt vun der gréisster Oppositiounspartei huet den Debat lancéiert, besser gesot relancéiert - nodeems virdru schonn esou munch sozialistesch Steng an d’Waasser gehäit gi waren.

Dat alles huet seng Wierkung net verfeelt. An der CSV ass en Duerchernee sonnergläichen entstanen an elo weess kee méi esou richteg firwat des Partei steet. Soss war et eng Vollekspartei,  an där sech, wéi de Spautze Jhang ëmmer sot, d’Botzfra an de Bankdirekter rëmfanne konnten. Dëse Spagat, deen d’Vollekspartei zur Vollekspartei gemaach huet a fir deen eng ganz Rei Perséinlechkeete stoungen, schéngt der Partei haut schwéier ze falen. Wou sech am Endeffekt positionéiert gëtt, ass nach net ofzegesinn. Op et bei der inhaltlecher Linn vun der Mëtt bleift och net. En neie Positionnement zeechent sech op alle Fall kloer of. Wien als Spëtzenekipp de Match mécht ass net kloer. Et ass e bëssen  esou wéi beim Tour de France, wann eng kleng Echappée ukënnt a sech virun der Zillinn bekuckt gëtt ier et mam Sprint lass geet. Wie bei der CSV  Sprinte wäert, weess allerdéngs keen.

Bleiwe mer am Cycliste Jargon: An der Regierungsekipp sinn der e puer am Gaang un hirem Leader ze seeën. Virun allem aus dem roude Lager ginn Attacke geridden ënner dem Motto "méi sozial Gerechtegkeet". Déi Gréng hirersäits dreiwen déi Liberal mat Theese vu manner Wuesstem a méi Ëmweltschutz viru sech.

Des Attacken. oder besser des Picken, sinn am Fong och d’Ursaach vun der Engel-Sortie. Et ass dorëms gaangen der DP ze weisen, datt et och nach aner méiglech politesch Koalitioune ginn, ewéi déi aktuell Dräierkoalitioun.

Wat fir Spillercher. An dat ausgerechent an enger Krisenzäit, déi dauere wäert an eis als Land wirtschaftlech a sozial nach weider an Otem hale wäert.

An esou enger Zäit sollt een eigentlech net splécken, an Neiddebatte provozéieren. An esou Zäite brauch ee Leaderen, déi zesummeféieren, fir Ausgläich suergen, op Solidaritéit setzen a roueg a konsequent handelen. Jo, dobäi muss och iwwer Gerechtegkeet an d’Droe vun de Krisekäschte geschwat ginn.  Mir brauchen awer elo eppes net: dat sinn "Trumpetisten" déi deck Bake maachen, mat einfache Sloganen duerch d‘Gaassen zéien an de Leit verspriechen alles grouss a räich ze maachen.