De Roland Pinnel* huet sech e puer Gedanken iwwert e besonneschen Aspekt vum Fleegesecteur gemaach. Hien huet do – wéi hie sech ausdréckt – eng reegelrecht Kujenad entdeckt. Hei seng Carte Blanche dozou.

Elo, wou mer nach ëmmer oder schonn erëm vum SARS-CoV-2 gebeidelt ginn, wëll ech an deem Kontext d‘Dokteren, d’Infirmièren an d’Infirmieren an och d’Aide-soignanteën a –soignantë speziell erwänen. Hinnen all gehéiert an dëse Coronavirus-Zäiten eisen déifste Respekt fir hiren deeglechen Asaz an hir geleeschten Aarbecht.

Carte Blanche vum Roland Pinnel

A propos Aide-soignanteën a-soignanten:

Ufangs vum Joer ass e Projet de loi annoncéiert ginn, deemno d’Qualitéit vun de Servicer fir eeler Leit verbessert gi soll. Bei där Geleeënheet sollen och nei Sproochekrittären agefouert gi fir d’Personal an engem Alters- oder Fleegeheem. Wëll heeschen, dass dat Personal obligatoresch Lëtzebuergesch nieft Däitsch oder Franséisch schwätze muss. Dat bedeit, dass en Aide-soignant e Certificat vum Niveau B1 presentéiere muss. Konkret gesot: Dat sinn iwwer 300 Stonnen Unterrecht. Stonnen, déi a Mueres-, Mëttes- oder Owescoursen, dacks iwwert Joren ewech, mussen absolvéiert ginn. Dacks nieft enger opreiwender, onreegelméisseger a schwéierer Aarbecht.

Do muss ee sech dach d’Fro stellen, ob et wierklech noutwendeg ass, dass den Aide-soignant enger Persoun de Réck oder den Hënner op perfektem Lëtzebuergesch muss wäsche kënnen. Oder ob et net vläicht och mat engem A1 an deem noutwendege Fachjargon géif duergoen. Eis auslännesch Dokteren, déi mer dacks a munch wichtege  Fachbegrëffer net verstinn, kréien iwwregens dës Barrière vum Lëtzebuergeschen net operluecht. Bei hinne geet et duer, wa se Däitsch oder Franséisch kënnen.

Brauche mer an der Fleeg Linguisten oder Leit, déi wëssen, wéi een deenen, déi op Fleeg ugewise sinn, hëllefe kann?

Déi Mesure ass also méi wéi erstaunlech. Si verwonnert desto méi, well mer an engem Land liewen, dat a sengem Sproochegesetz vun 1984 seet, dass een als administrativ Sprooch bei eis Franséisch, Däitsch oder Lëtzebuergesch gebrauche kann.

Vläicht sollt do emol nach eng Kéier driwwer nogeduecht ginn. Ënner anerem och well mir hei zu Lëtzebuerg där systemrelevanter Fachaarbechter net wéi Sand um Mier hunn. Also wannechgelift: Kommt mir lueden deene Leit dach net nach eng zousätzlech Kujenad op!

* De Roland Pinnel ass Éierendirekter vum Luxembourg City Tourist Office.