Lëtzebuerg soll eent vun de rassisteschste Länner an der EU sinn. Wou kënnt dës Behaaptung hier a wat ass vun hir ze halen? Haut deet de Fernand Fehlen seng Statistiker-Kap op, fir sech mat dëse Froen auseneen ze setzen.

Carte Blanche vum Fernand Fehlen

Déi éischt Fro ass einfach ze beäntwerten. D’europäesch Agence fir d’Grondrechter huet eng Etüd an 12 EU-Länner gemaach bei Migranten, déi aus Schwaarzafrika agewandert sinn a bei Awunner, déi op mannst een Elterendeel hunn, dee vun do kënnt. Si sinn haaptsächlech gefrot ginn, ob se sech a verschiddenen Alldagssituatiounen diskriminéiert fillen. Zum Beispill: bei der Sich no enger Aarbecht oder enger Wunneng, op der Schaff, am Ëmgang mat der Police oder aneren Administratiounen. Insgesamt si bal 6.000 Leit gefrot ginn. Zu Lëtzebuerg waren et der gutt 400. De Ranking ass onerwaart: D’Diskriminéierung op der Aarbechtsplaz ass zu Lëtzebuerg am gréissten. Och bei den allgemenge rassisteschen Diskriminéierunge steet et op der éischter Plaz. A villen anere Beräicher op Plaz zwee an dräi. E klenge Liichtbléck: wann et ëm physesch Gewalt geet oder ëm d’Policekontrollen, da steet de Grand-Duché "besser" do. An deenen zwee Domäne kënnt ee jeeweils op déi véiert Plaz.

Ech muss agestoen, datt dat Resultat mech och fir d’éischt interpelléiert huet. Iergendwéi passt et net zu deem Abzebild, dat ech mer vu mengem Lëtzebuerg maachen.

An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro huet d’Integratiounsministesch probéiert, déi Etüd ze minimiséieren. Den Echantillon wär ze kleng an net wierklech representativ. Mee och wann een eng statistesch Marge d’erreur arechent, läit Lëtzebuerg nach ëmmer wäit iwwer dem EU-Duerchschnëtt a brauch net houfreg op sech ze sinn. Et däerf ee weder de Ranking nach d’Prozentzuelen op d’Goldwo leeën, mä déi allgemeng Ausso stëmmt leider: De Rassismus bei ons ass méi grouss, wéi d’Mehrheetsgesellschaft sech dat virstellt. Déi Betraffe sinn net wierklech iwwert d’Resultat erstaunt.

D’Etüd ass positiv ze bewäerten, well se gehollef huet e wichtegt Thema op de politeschen Agenda ze setzen an de Ministère doropshin dräi nei Projete lancéiert huet, fir d’Integratioun vun den Afrodescendanten zu Lëtzebuerg ze ënnersichen an ze fërderen. Et bleift ze hoffen, datt dat kee Stréifeier ass.