Zanter bal engem hallwe Joerhonnert läit an enger vun den Haaptentréeë vun der Haaptstad e groussen Terrain brooch. Elo soll op där Plaz e Projet realiséiert ginn.

Op der Stäreplaz an der Stad soll endlech eppes geschéien.

Dat ass fir d'éischt eng gutt Noriicht, well joerzéngtelaang kee wousst, ob jee eppes do géif geschéien.

D’Ursaach dofir war an ass, dass d’Gemeng de Promoteuren d’Initiativ iwwerlooss huet.

Am Ufank war den Terrain an eng Partie Loten opgedeelt.

U sech keng schlecht Iddi. Op engem dovun ass en interessante Wunnprojet entstanen.

Fir de Rescht vun de Loten hunn d’Promoteure sech iwwerbueden a gestridden amplaz ze bauen.

No laangem Geschachers gehéiert de ganzen Terrain engem auslännesche Fong.

Kee weess, wat deen Terrain schlussendlech kascht. Et kann ee sech virstellen, dass en net bëlleg ass.

D’Konsequenz ass, dass en dofir vill, ganz vill abrénge muss.

Dofir muss e Maximum vu Profit aus dem Terrain erausgeholl ginn.

Dat heescht e massiven urbanisteschen Agrëff.

Fir deen Agrëff schmackhaft ze maachen, gëtt dat ervirgehuewen, iwwer dat haut esou gär geschwat gëtt: Wunnengen, Gréngs, Vëloen.

Vun de Büroe gëtt wéineg geschwat, mä an der Haaptsaach vun de Wunnengen. 600 sollen dohi kommen, dovun e puer bezuelbarer. Dat heescht, dass déi meescht ganz deier wäerte sinn. Also näischt fir jonk Famillje mat Kanner.

Op Gréngs soll vill gehale ginn: op den Diech, e puer Beem an e puer gréng Plaze ronderëm de Bëtong.

D’Foussgänger an d’Vëloe solle virgoen, den Auto verschwënnt.

Mais nëmme vun der Iwwerfläch!

Et gesäit ee se net méi, d’Autoen, mä si sinn nach ëmmer do a sécher ëmmer méi, well dat hei ass keen autofräie Projet.

D’Buergermeeschtesch vun der Stad mengt, den neie Projet géif de Quartiere ronderëm eppes bréngen. Wat genee, gëtt net präziséiert.

Verständlech, well et ass schwéier ze soen, wat esou e Mastodont mat 600 Wunnengen an honnerte Büroen de Wunnquartiere ronderëm brénge soll.

Esou en Urbanismus passt net an e Wunnquartier vun der Stad an net esou no beim historesche Stadkär.

Mä firwat sech opreegen?

Eng Partie Pläng fir d’Stäreplaz si schonns an de leschte Joerzéngten am Tirang verschwonnen.

Elo schonns ass kee Besoin méi fir Shoppingzenteren, seet de Promoteur selwer.

An e puer Joer, bis de Bagger vläicht rullt, ass et net méi sécher, ob nach e Besoin fir Büroen an der Stad ass.

Da verschwënnt och dëse Plang.

A da geet d’Spekulatioun ëm den Terrain op der Stäreplaz weider.

So wéi d’Logik vum System et wëllt.

Carte Blanche vum Ben Fayot