D'Virologen hu wärend Méint, mat Recht, d'Keesen eidel gemaach. Un de Politiker ass et elo ze decidéieren, wou se d'Sue siche ginn, fir se erëm ze fëllen.

An do ass et eriwwer mat deem Wischi-Waschi vun der politescher Mëtt, vum Macron sengem "en même temps" : d'Pandemie huet de kollaterale Benefice, dass d'Begrëffer rechts a lénks e Comeback feieren, an dass jiddwereen erëm weess, wou e politesch doheem ass. An dat ass gesond fir eis Demokratie.

Wéinst der Kris wëllt d'Patronat manner bezuelen, a wéinst där selwechter Kris wëlle seng Aarbechter méi Suen. D'Fronte sinn erëm kloer, d'Grenze gezunn, an et ass keen Zoufall dass et ausgerechent an der CSV heescht: "Un ange passe." Hire President, de Frank Engel, huet, wéi der wësst, ganz haart iwwer eng Ierfschaftssteier an direkter Ligne nogeduecht, wéi virun him och schonn de Marc Baum oder de Franz Fayot. Bei dësem Thema muss jiddwereen Faarf bekennen: rechts géint lénks, konservativ Familljesolidaritéit géint opgekläerte Contrat social.

D'Ierfschaftssteier ass manner eng ekonomesch a politesch Fro, wéi eng psychologesch Erausfuerderung, wann et drëm geet ze verstoen, firwat esouguer déi Äermst vun eis dogéint sinn. "Et ass eng Steier op den Doud, eng Zersetzung vun der Famill an hire Wäerter, eng Tax op d'Elteren- an d'Kannerléift, eng Double Peine, deen den Doud vun eise Léiwen duebel traureg mécht", heescht et am konservativen Eck, wou d'Klack dann och nach weider laut: "Déi Sue si jo scho besteiert ginn, an et ass vill ze komplizéiert, fir e Seuil oder eng Limitt festzesetzen."

Wéi wann net (bal) all Kéier eng Steier fälleg wär, wann en Euro de Besëtzer wiesselt. Meng Bäckesch wär also elo frou ze héieren, dass si keng Steieren méi op de Gewënn bezuele muss, dee se mat menger Baguette mécht, sous prétexte, dass ech jo schonns Taxen op déi Sue bezuelt hunn.

Wann een also haut mat enger Ierfschaftssteier Wale verléiert, berout dat op engem Malentendu, déi vu muncher Säit kräfteg geschüürt gëtt. D'Ierfschaft, déi besteiert soll ginn, ass jo op kee Fall den Daach iwwer dem Kapp, den Doheem, et ass och net den Haff, de Wéngert oder den Atelier, déi iwwer Generatiounen der Famill Akommes, Gebuergenheet an Identitéit bruecht hunn. Neen, besteiert soll ginn den Iwwerfloss, dee verhënnert, dass mer eis dem Faust säi Rot zu Häerzen huelen:

"Was du ererbt von deinen Vätern hast,

Erwirb es um es zu besitzen.

Was man nicht nützt, ist eine schwere Last."