De Robert Weber, de fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten, beschäftegt sech mat der Aarbecht a ganz speziell méi enger familljegerechter Form vun der Aarbecht.

Eng Carte Blanche vum Robert Weber

Déi nächst Kris steet an d'Haus. Si ass eng Gesondheetskris, déi vill Sue kascht huet a nach kaschte wäert. Jo si huet och wirtschaftlech Auswierkungen an awer gëtt een d’Gefill bei munche Situatiounen net lass, wéi wa Betriber vun der aktueller Situatioun schamlos profitéieren. Eemol méi muss den Arbeitnehmer d’Käschten droen. Seng Aarbechtsplaz verléieren a sécherlech och nach méi Steiere bezuelen, dat ass säi Lous.

An enger richteger a permanenter Tripartite hätten d’Sozialpartner sech besser op déi Kris an Digitaliséierung preparéiere an och awierke kënnen. Awer de liberalen "laisser-faire" ass de Geescht vun der Zéit.

Iwwert 10 Jore gëtt zu Lëtzebuerg net méi iwwert eng human Aarbecht geschwat.

Dobäi ass eis Gesellschaft net stoe bleiwen. Alles ass méi deier ginn, wie seng Aarbecht verléiert, rutscht gären an d’Aarmut of, fir eng Wunnecht muss de bal 40 Joer Schold bezuelen, eng Famill grënnen ass eng riseg Erausfuerderung.

Wëll een elo d’Wirtschaft steieren, oder si sech selwer iwwerloossen?!

Eng familljegerecht Aarbecht ass kee Luxus!

Wann e Kand an der Famill krank ass, dann ass dat fir déi zwee Elterendeeler eng riseg Erausfuerderung. Net eleng wéinst der Krankheet, mä wie këmmert sech ëm d'Kand?

Dobäi wësse mer, dass e Mataarbechter op senger Aarbecht zefridden, gesond a produktiv soll sinn. D’Institut vun der Däitscher Wirtschaft huet an enger Etüd festgestallt, dass d’Familljefrëndlechkeet vun engem Betrib en decisiivt Thema ass bei der Wiel vun engem Patron. Haut gëtt ausseruerdentlech vill Wäert op d’Vereenbarkeet vu Privat- an Aarbechtsliewe geluecht.

Stéchwierder, wéi flexibel Aarbechtszäiten, scheiteren oft an enger stuerer Aarbechtsorganisatioun. D’Gefill vu Kontroll vum Arbeitnehmer ass méi grouss, wéi den Iwwerbléck iwwert seng wierklech Produktivitéit.

Aarbechtspsychologe si sech eens: Kee Mënsch kann am Dag aacht Stonnen héich konzentréiert duerchschaffen. Grouss Zäitfriesser sinn all Dag op der Aarbecht: E-mailen, Kaffispausen, oder laang Meetingen.

Den Télétravail ass aus enger Noutsituatioun eraus forcéiert ginn. 10 Joer laang ass näischt geschitt. Ween traut sech, fir a sengem Betrib eng 4-Dageswoch anzeféieren? Grad am Déngschtleeschtungssecteur - Spideeler, Fleegeheemer- wär dat eng gutt Léisung, fir méi human Aarbecht. Et wär een och manner krank an et kéint een souguer méi eng laang Liewensaarbecht hunn.

Sinn dat schéin Illusiounen? Oder e neit Denken fir eng nei Zéit!

Jiddefalls ass "d’Leit an der Beschäftegung halen" ëmmer déi beschte Léisung! An enger familljegerechter Aarbecht ass dat nach besser!