De Benoît Reiter, Historiker a Jurist, stellt sech eng Rei Froe ronderëm de Coronavirus.

D'Carte Blanche vum Benoît Reiter

Lëtzebuerg ass e klengt Land, ëmgi vu groussen Noperen. Lëtzebuerg war och ganz laang en aarmt Land. Mir hu keng gréisser eegen natierlech Ressourcen. Dës Evidenze missten eis guidéieren an eise strategesche politeschen a wirtschaftlechen Optiounen. Haut schéngt dat net onbedéngt méi sou ze sinn an et kann ee sech froen, ob mer net den Norden deelweis verluer hunn. Loosst mech dat kuerz mat 3 Beispiller illustréieren.

E klengt Land sollt sech am beschten net mat senge groussen Noperen onnéideg uleeën. Dat gëllt och fir eis Positiounen am Kader vun der EU. Laang Joren hunn eis Responsabel sech zeréckgehalen an hiren Äusserungen, wann et net grad ëm eis liewenswichteg Interesse gaang ass, oder si hu sech als Vermëttler verdéngt gemaach. Haut attackéiere mer a groussen däitsche Medien eng Rei vun eisen europäesche Partner zimmlech direkt. Mir musse wuel net fäerten, dass muer eng Arméi aus Éisträich, Polen oder Ungarn eis iwwerfält. Mee wat geschitt, wa mer dës Länner am Kader vun engem europäesche Vott, dee liewenswichteg fir eis ass, géife brauchen ? U wat erënnere si sech dann ?

E klengt Land dierf sech eigentlech och keng gréisser intern Differenze leeschten. Natierlech ass deen normale politeschen Debat legitim. Awer an de wichtegste Froe sollt e Land wéi Lëtzebuerg sech net splécken. Dat ass z.B. de Fall fir seng Institutiounen, déi als Missioun hunn, d’Interesse vum Land ze verdeedegen a seng Plaz op der internationaler Bün ze sécheren. Et ass ganz ongesond a kontraproduktiv, wann d’Harmonie vun den Institutiounen nohalteg gestéiert gëtt. Den ëffentlechen Demontage vun eiser Monarchie an de leschte Méint entsprécht absolut net dem Interêt vun eisem Land. Eng staark a respektéiert Monarchie hëlleft eist Land no baussen ze representéieren an no bannen zesummenzehalen, besonnesch a Krisenzäiten. De Monarchie-Bashing sollte mer ënnerloossen.

E klengt Land ouni natierlech Ressourcen ass ofhängeg vun auslänneschen Investitiounen. Momentan geet et eis nach ëmmer gutt, well de Finanzsecteur floréiert. Mee eng intelligent Wirtschaftspolitik bedeit fir eis, dass mer net kënne just vun engem Wirtschaftszweig ofhängeg sinn. Et ass dofir scho ganz bizare, wéi sech gefreet gëtt, wann eng Entreprise net zu Lëtzebuerg investéiert, wann hei kee Räichtum a keng Aarbechtsplaze geschaf ginn, wann hei keng Steieren bezuelt ginn. Menge mer vläicht, mir hätten de Wuelstand fir ëmmer gepacht an dee géif vum Himmel falen ?

Et wier nëmmen ze begréissen, wa mer erëm géifen op de Buedem vun den Tatsaachen zréckkommen an och deemno géifen handelen.