Et feelt Lëtzebuerg un erschwénglechem Wunnraum, dat ass e Fait. Et muss ee sech awer d’Fro stellen, ob mir Bierger net och mat schold dorunner sinn?

Carte Blanche vum Anne Brasseur

- mir wëllen net, dass an onser Noperschaft gebaut gëtt - mir wëllen net, dass Gréngfläche verschwannen

- mir wëllen net, dass de Liewensraum vun de Villercher, de Schlaangen oder de Fliedermais gestéiert gëtt

- mir wëllen net, dass onse Patrimoine architectural zerstéiert gëtt

- a mir wëlle keng Bauschuttdeponien.

Dat sinn nëmmen e puer Beispiller, déi dozou bäidroen, datt Bauprojeten hei am Land ëmmer méi a Verzuch geroden – wa se dann iwwerhaapt eemol realiséiert ginn. Um Enn gëtt schliisslech manner gebaut wéi am Fong méiglech wär. wat alt erëm d’Präisser an d’Luucht dreift.

Och déi sëllegen, ganz deier Impaktstudien oder Analysen iwwer erhalenswäert Bausubstanz an ëmmer méi Oploen a laang Prozeduren droen zu der Käschtenexplosioun bäi. Dat huet näischt mat där dacks zitéierter Spekulatioun ze dinn, mä dat sinn alles hausgemaache Problemer.

An deene leschte Jore virun der Corona-Kris, déi nach esoubal net eriwwer ass, an där hir Nowéie mer nach ganz laang wäerten ze spiere kréien, huet een ëmmer méi Stëmmen héieren, déi soten, mir sollten net méi wuessen oder just nach kontrolléiert wuessen, wat dat och ëmmer heescht.

Mir hunn awer elo scho musse feststellen, wat et bedeit, wann d’Wirtschaft gebremst gëtt oder esouguer zum Stëllstand kënnt: Faillitten, Verloscht vun Aarbechtsplazen, déi mat dramateschen Eenzelschicksaler verbonne sinn, an ëmmer manner Steierrecetten bei méi héijen Depensen.

Mä och beim Schafe vun neie wirtschaftlechen Aktivitéiten an domat d’Schafe vun neien Aarbechtsplazen, huet sech antëscht eng méi wéi kritesch Attitüd agebiergert. Beispiller: den Ausbau vum 5G-Reseau, d’Implantatioun vun enger Jughurtsfabrick – e Projet, deen no 4 jorelaange Prozeduren zréckgezu ginn ass -  oder vun engem Data-Zenter, wou se am Ausland Google nolafen, fir esou en Zenter bei sech ze kréien.

Wann ons Virfahren esou eng Haltung gehat hätten, hätt Lëtzebuerg zum Beispill ni eng Stolindustrie kritt, där mer all den ekonomeschen Opschwong vum Land ze verdanken hunn. Dat hunn der vill haut vergiess.

Fir dës Rentrée wënschen ech mir, dass mer d’Problemer erëm zesumme mat Realismus uginn, andeems de gesonde Mënscheverstand an de Pragmatismus nees d’Iwwerhand kréien.

Dat si Stäerkten, déi ons weiderbruecht hunn. An net ëmmer méi Reglementer an Egoismus.