D'Pandemie ass leider nach ëmmer en Thema. A ganz Europa ginn Zuelen no enger kuerzer Paus erëm an d’Luucht an et mierkt een, dass sech eng gewësse Panik, an der Politik an an der Gesellschaft ausbreet. Iwwerall gëtt sech d’Fro gestallt: Wat maachen. Dozou en Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziolog um Centre Jean 23.

Et spiert en de gesellschaftleche Dilemma an deem mer all an Europa stiechen. D’Populatioun schützen an notamment déi Persoune mat gesondheetlechem Risiko, an op der anere Säit ons Ekonomie an d’soziaalt Liewen oprecht ze halen. Mir wëssen all iwwert d’Konsequenze vum Lockdown am Fréijoer an jiddereen hofft, dass mer dat net erëm mussen iwwert ons ergoe loossen. Mir gesinn awer och, dass mer am Moment weit ewech sinn vun enger Normalitéit, onst Sozialliewen ass nach ëmmer staark ageschränkt. Fir Lëtzebuerg kennt dobäi, dass mer ons all Dag mussen informéieren, iwwert wéi eng Grenze mer däerfe fueren an ënnert wéi engen Konditiounen.

Europäesch Koordinatioun funktionéiert an dem Beräich guer net, d'EU huet keng Kompetenz fir d’Gesondheet. Och den Dialoge tëscht den eenzele Länner ass inexistent.

Wat kéint d'Léisung sinn?

Meng Propositioun: n kuerzen, am viraus geplangten, haarden Lockdown. Ech erklären mech. Wann mer a ganz Europa zur selwechter Zäit, zum Beispill am November, en kompletten Lockdown organiséieren, deen eng 10 Deeg dauert, da kënnen mer, mat enger flächendeckender Teststrategie, e groussen Deel vun den Ustiechungsketten ënnerbriechen, an d‘Zuele massiv drécken. Wa mer dat am Viraus ukënnegen, dann ass dat akzeptabel fir d’Leit a fir d’Ekonomie. D'Leit kafen alles am Viraus an, hunn hiren Toilettëpabeier an d’Miel gebunkert. Och d’Betriber kréine sech organiséiert, fir hier Produktioun eng deck Woch auszesetzen an dono erëm direkt kënnen unzefänken. Den Wuerentransport, d’Reese vun ons Bierger gëtt wärend der Zäit op de striktste Minimum reduzéiert. Virun d'Dier sollte just nach wierklech déi Persounen, déi wierklech mussen. Déi aner sollten all Kontakter ënnerloossen.

Sou en organiséierten an ugekënnegte Lockdown ass sécher manner traumatiséierend, wei d’Angscht, mat där mer all Dag opstinn, virun enger komplett ongewësser Zukunft. Och de Käschtepunkt fir d’Ekonomie ass iwwerschaubar. Et ass ob jiddefalls manner deier, wéi déi moros Stëmmung, déi dozou féiert, dass kee méi eppes plange kann. D’Ekonomie lieft vum Vertrauen an d’Zukunft. Sou en Lockdown huet och en Käschtepunkt. D’Staate stinn alleguerte schonns virun enger schwiereger Finanzlag. Ech mengen awer, dass een hei eng Käschten-Notzungsrechnung ka maachen, an da sou en Lockdown als Investissement fir d’Zukunft gesinn.

Et kann een och vun all de Bierger verlaangen, dass se op e puer Deeg Congé verzichten, fir de Finanzement ze garantéieren. Den Rescht kënnt  iwwert en gemeinsamen europäesche Kredit finanzéiert ginn, deen déi Länner ophuelen, déi géifen matmaachen.

No sou engem programméierten Lockdown sollt ee sech dann och gemeinsam Reegele ginn, fir weiderhin d’Pandemie am Grëff ze halen. Do kann een dann och eng koherent Gesondheetspolitik fir d’Baussegrenze vun der EU an d’Aen faassen.

Natierlech ass et e bëssen optimistesch, fir ze denken, dass elo en Deel Länner sech géifen eens ginn, fir esou e Projet unzegoen, mä d’Zuelen an Europa weisen souwisou an.

Richtung vun engem zweete Lockdown. Och a Frankräich ass dës Iddi vum Esther Duflo, Nobelpräisgewënnerin an der Ekonomie an enger Tribün vum Monde opgegraff ginn. Fir si ass dat déi eenzeg Méiglechkeet, fir Chrëschtdeeg an d’Neijoerschfeieren a Frankräich ze retten. Ech denken, d‘Zäit ass reif fir eng nei europäesch koordinéiert Gesondheetspolitik. Mir hu souwisou keen anere Choix, wa mer wëlle probéieren, de Covid an den Grëff ze kréien.